17. September
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De 17. September ass den 260. Dag (261. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
Aug – September – Okt | ||||||
1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
29 | 30 |
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Evenementer
- 1871: Den éischten groussen Alpentunnel, de Mont-Cenis-Eisebunnstunnel, geet a Betrib.
- 1931: Déi éischt LP (Laangspillplack) mat 331/3 Ëmdréiungen/Minutt gëtt zu New York virgestallt.
- 1939: Wéi am Netugrëffspakt mat Däitschland geheim festgehal, marschéiere sowjetesch Truppen an den ëstlechen Deel vu Polen an.
- 1980: De fréiere nicaraguaneschen Diktator Anastasio Somoza fält am Paraguay engem Attentat zum Affer.
[Änneren] Gebuer
- 1735: Jean-Joseph Merlin, 'belschen' Erfinder.
- 1914: Henri Rinnen, lëtzebuergesche Sprooch- a Vigelfuerscher.
- 1918: Chaim Herzog, israelesche Generol a Politiker.
- 1928: Alberto Korda, kubanesche Fotograf.
- 1931: Anne Bancroft, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 1940: Heidelinde Weis, éisträichesch Schauspillerin an Dréibuchauteurin.
- 1973: Anastacia, amerikanesch Soulsängerin.
[Änneren] Gestuerwen
- 1179: Hildegard vu Bingen, däitsch Komponistin an Auteur.
- 1942: Jean Origer, lëtzebuergesche Geeschtlechen an Direkter vum Wort.
- 1958: Eugène Jungers, Generolgouverneur am Belsche Kongo.
- 1966: Fritz Wunderlich, däitschen Operesänger.
- 1986: René Mertzig, lëtzebuergesche Pianist a Komponist.
- 1988: Hilde Güden, éisträichesch Koloratursopranistin a Kammersängerin.
- 1994: Karl Popper, éisträichesch-britesche Philosoph a Wëssenschaftstheoretiker.
- 1995: Friedrich Schütter, däitsche Schauspiller a Synchronspriecher.
[Änneren] Feierdeeg
Januar | Februar | Mäerz | Abrëll | Mee | Juni | Juli | August | September | Oktober | November | Dezember |