René Mertzig
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De René Mertzig, gebuer den 11. August 1911 zu Kolmer-Bierg, gestuerwen .17. September 1986, war e lëtzebuergesche Pianist a Komponist. Säi Papp Pierre Mertzig war niewenamtlech Museksprof an hien huet d'Harmonie vun Nidderwolz dirigéiert gradesou wéi d'Musekgesellschaften vun Biissen, Béiwen/Atert, Useldeng. De René Mertzig huet Musékstheorie an Instrumenter (Piano a Gei) an de Conservatoiren vu Lëtzebuerg a Bréissel stodéiert. Schonn an den 1930er Joeren war hie Member vum Symphoneschen Orchester vu Radio Lëtzebuerg. Hien huet do matgeschafft bis 1976. Wéi hie pensionnéiert gouf huet e beim RTL-Orchester 1979 de Posten als Pianist iwwerholl.
Hie wor Matbegrënner vun der Société Nationale pour la propagation de la musique symphonique a vum Luxembourg Piano Trio.
Als Komponist war hien inspiréiert vum gregorianesche Gesank a vu Rimski-Korsakov, Manuel de Falla, Claude Debussy a Maurice Ravel. Hie selwer sot, d'Basis vu senge Kompositioune wär d'"Instrumentationslehre vum Richard Strauss".
[Änneren] Wierker
- Quatre mélodies (1942)
- Poème (1945-46)
- Trois mélodies (1947)
- Rhapsodie chorégraphique (1947)
- Cycle symphonique (1950-51)
- Trio en mi (1951)
- Lëtzebuerger Rousen (Oper mat Ballett) (1951-52)
- Symphonie des impressions vives (1953-54)
- La Cité éblouissante (1954)
- Deuxième Trio (1955)
- Trois esquisses (1955)
- Enfantines (1956)
- Le tambourin et la guitare (1958)
- Quatuor à cordes (1962)
- Rythmes souverains (1962)
- Toccata (1963)
- Trois mélodies (1962-63)
- Konzertstück (1963)
- Synthèse symphonique (1964)
- Estampes (1968)
[Änneren] Literatur
- Loll Weber: "Mes oeuvres, c'est toute ma vie..." (Nos Cahiers 1982/1)
- Léon Blasen: "René Mertzig und sein Werk" (Les Cahiers luxembourgeois 1992/1)