Émile Reuter
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Émile Reuter (* 2. August 1874 zu Bouferdeng; † 14. Februar 1973 an der Stad Lëtzebuerg), war e lëtzebuergesche Politiker.
Den Émile Reuter huet zu Stroossbuerg, Nanzeg a Paräis vun 1894 bis 1898 Droit studéiert a sech dono um Staadter Barreau als Affekot ageschriwwen. 1903 gëtt hie President vun der Association populaire catholique. 1911 gëtt hien an d'Chamber gewielt. 1914 ass den Émile Reuter e Grënnungsmember vun der Rietspartei.
Kuerz virum Enn vum Éischte Weltkrich, den 28. September, 1918 gëtt de Reuter Premierminster a Generaldirekter (Minister) fir Baussenzeg a Bannenzeg Affairen. 1925 kënnt et zu enger Regierungskris, well d'Chamber de Virschlag vun der Regierung, d'Eisebunnsgesellschaften Guillaume-Luxembourg a Prince Henri ënnert enger belscher Directioun ze vereenegen, refuséiert, an d'Regierung Reuter trëtt zeréck.
Vun 1926 bis 1959 (mat Ausnam vun de Krichsjoeren) ass den Émile Reuter President vun der Chamber. Hien ass och den éischte President vun der 1944 gegrënnter CSV (bis 1964).
1957 gëtt hien Ambassadeur vu Lëtzebuerg beim Vatikanstad. Hie verscheet 1973 an der Stad.