Émile Hamilius
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Émile Hamilius (Mulles genannt), gebuer de 16. Mee 1897 zu Esch-Uelzecht, a gestuerwen de 7. Mäerz 1971 an der Stad Lëtzebuerg, war en DP-Politiker an e Foussballspiller.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Säi Liewen
Den Emile Hamilius hat villsäiteg Aktivitéiten. Hien huet seng Carrière als Lëtzebuerger Offizéier ugefang. Hien war duerno haaptberuflech Geschäftsmann an huet dat bekannt Haushaltswueren- an Spillwuerengeschäft Lassner zu Lëtzebuerg um Knuedler geleet.
A senger Juegend war hien Foussballspiller an huet als véierfacher Nationalspiller 1920 un den Olympeschen Spiller zu Antwerpen deelgeholl. Hie war och Präsident vun der FLF, der Lëtzebuerger Foussballfederatioun (1950-1961).
Den Emile Hamilius war Matgrënner vun der GPD (Groupement Patriotique et Démocratique), der spéiderer Demokratescher Partei (DP). Vun 1946 bis 1963 war hie Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg. Hie war och Deputéierten an der Chamber: 1937-1940; 1945-1958 an 1959-1964.
Säi Fils, de Jean Hamilius, war och laang politesch an der DP engagéiert a vun 1974 bis 1979 Member vun der Regierung Thorn-Vouel-Berg.