Knuedler
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Knuedler ass eng Plaz an der Alstad vun der Stad Lëtzebuerg. "Offiziell" ass se nom Wëllem II. benannt.
Fréier stung hei e Franziskanerklouschter. D'Ceinture mat Kniet, déi d'Franziskanerpatere gedroen hunn, huet hinnen, an domat dem Klouschter, a spéider der Plaz, hiren Numm ginn.
Op der Plaz steet eng Statue mam Wëllem II. um Päerd, déi 1884 opgeriicht gouf, an no Oste kuckt. Op der Südsäit vun der Plaz läit d'Stadhaus vun der Stad Lëtzebuerg, dat tëscht 1830 an 1838 am neoklassizistesche Stil, no Pläng vum Lécker Architekt Justin Remont gebaut gouf. Déi bronze Léiwen lénks a riets vun der Haaptentrée goufen 1931 vum Auguste Trémont geschafen.
Um Knuedler gëtt de stater Wochemaart ofgehalen, a während der Octav den Octavmäertchen.