Thomas Nipperdey
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Thomas Nipperdey (* 27. Oktober 1927, Köln, † 14. Juni 1992, München) war een däitschen Historiker.
[Änneren] Säi Liewen
Hien huet Philosophie a Geschicht studéiert zu Köln, Göttingen an zu Cambridge. 1953 krut hien den Dr. phil.. 1961 gouw hien habilitéiert mat sénger Aarbecht Die Organisation der deutschen Parteien vor 1918. 1963 huet hien ugefang Geschicht ze ginn op der Technische Hochschule zu Karlsruhe, duerno zu Göttingen a spéider zu Cambridge. 1967 ass hien op d'Freie Universität Berlin gaang a gouf do Professer fir neier Geschicht.
Bis zu sengem Dout war den Nippedey Professer fir Neier Geschicht zu München.
Säin Deutsche Geschichte 1800 - 1918 gëllt ass e Standartwierk.
[Änneren] Gielercher
1984 krut den Nipperdey den Historikerpreis vun der Stad München, an 1992 postum den Däitschen Historikerpräis ( Preis des Historischen Kollegs )
[Änneren] Literatur
- Thomas Nipperdey, Deutsche Geschichte 1800 - 1866. Bürgerwelt und starker Staat. , C.H.Beck Verlag, München,
- Thomas Nipperdey, Deutsche Geschichte 1866 - 1918. Band 1. Arbeitswelt und Bürgergeist. , C.H.Beck Verlag, München, 1990
- Thomas Nipperdey, Deutsche Geschichte 1866 - 1918. Band 2. Machtstaat vor der Demokratie. C.H.Beck Verlag, München, 1992