The Hives
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
The Hives ass eng schwedesch Rock-Band, déi 1993 gegrënnt gouf. Si besteet aus dem "Howlin" Pelle Almqvist (Sänger), dem Nicholaus Arson (Gittar), dem "Vigilante" Carlstroem (Gittar), dem "Dr. Matt Destruction" (Bass) an dem "Chris Dnaderous" (Batterie).
Als Markenzeechen triede si ëmmer a schwaarz a wäiss Paltongen op a behaapte vu sech selwer, datt si déi bescht Rockgrupp op der Welt sinn.
Eng kleng Stad matzen a Schweden am Joer 1993. D'Bandmärche seet, datt fënnef Jongen e Bréif kruten, an deem just eng Plaz an eng Auerzäit stung. Jiddereen ass dohigaang. Den Mr. Randy Fitzsimmons huet op si gewaart. Sou soll d'Grupp entstane sinn. Vun do un hu si ugefaangen zesumme Musek ze maachen.
Am Joer 1996 ass hir éischt Single "Oh Lord! When? How?" erauskomm déi zimlech gutt bei de Leit ukomm ass. D'Band war begeeschtert, datt hir Single esou gutt ukomm ass, esou datt si 1997 hiren éischten Album "Barely Legal" erausbruecht hunn, mat deem si hiren Duerchbroch haten.
No dësem Album huet Band eng Tournée gemeet wou gutt ofgerockt gouf.
Duerno am Joer 2000 hu The Hives hiren zweeten Album "Veni Vidi Vicious" erausbruecht, dee sech textlesch vun all deenen anere Gruppen an hirem Alter ënnerscheet. No hirer Meenung maachen Texter d'Halschecht vun hire Lidder aus: "Mat witzesche Wierder a Reime kann een e gutt Lidd zu engem groussartesche Lidd maachen".
Am Joer 2002 hu The Hives nach een Album "Your Favourite New Band (Parental Advisory)" erausbruecht an no laanger Tour ass dunn am Joer 2004 hiren am Moment lechten CD "Tyrannosaurus Hives" erauskomm.