Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions Naturschutzgebitt Het Zwin - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Naturschutzgebitt Het Zwin

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Vue op Naturreservat
Vergréisseren
Vue op Naturreservat

Den Zwin ass en Naturschutzgebitt op der belscher Küst un der Grenz zu Holland. Tëscht dem Zoute a Cadzand op hollännescher Säit erstreckt sech en eenzegaartegt Gebitt aus Salzwisen, Watt an Dünen, dat aus enger fréierer Mieresbucht ervirgaang ass a wouvu ronn 150 ha zënter 1952 ënner Naturschutz stinn. Het Zwin gëllt als dat éischt Naturschutzgebitt an der Belsch.

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Entsteeung

D'Reserv ass de Rescht vun engem Mieresaarm, deen den Dräieck Bruges-Knokke-Sluis gemaach huet. No der leschter Äiszäit virun ongeféier 12.000 Joer ass den Niveau vum Mier duerch d'Schmelze vun Äisbierger geklommen. Doduerch sinn d'Séisswaasserflächen iwwerschwemmt ginn an et hu sech Watt a Salzwisen, ënnerbrach vun déife Waassergrief, forméiert, déi sech am 12. Joerhonnert zu Polderen entwéckelt hunn. Déi déif Waassergrief waren am Mëttelalter e wichtegen Handelswee tëscht Bruges, Sluis an der Nordséi, ier d'Versandung am 15. Joerhonnert lues a lues d'Schëfffahrt limitéiert huet. Duerch Däicher a Versalzung gouf e groussen Deel vum Mieresaarm schliisslech ganz dréche geluecht. E klengen Deel vun de Salzwise ass erhale bliwwen a steet haut nach ëmmer mam Mier a Kontakt. Duerch eng Ëffnung an den Düne vu ronn 250 m Breet tëscht der Belsch an Holland variéiert de Waasserniveau an dëser fréierer Bucht mat deem vun Ebbe a Flut vun der Nordséi. Dëst bréngt mat sech datt Sedimente wéi Toun a Sand sech hei ofsetzen a verschidden Niveaue mat enger grousser Varietéit u Vegetatioun forméieren.

Datt hei sech een aarteräichen a bedeitende Liewensraum entwéckelt huet, war dem Grof Léon Lippens bewosst. Dem passionéiertem Ornitholog, Besëtzer vun der Gesellschaft Het Zout a laangjärege Buergermeeschter vu Knokke, ass et ze verdanken, datt dëst 2,3 km laangt Iwwerschwemmungsgebitt 1952 mat 158 ha (dovun 33 ha op hollännescher Säit) als Naturschutzgebitt erkläert ginn ass. Ronderëm d'Schutzzon läit op belscher Säit eng 1.600 ha grouss Pufferzon, an där streng Bau- a Verkéiersoploe gëllen. Zënter dem 27. September 1984 gehéiert den Zwin mat 550 ha zum weltwäite Ramsar-Netz vu schützenswäerte Fiichtgebidder (Ramsar-Konventioun) un.

[Änneren] Ökologie

Den Zwin ass virun allem bekannt fir seng grouss Aartendiversitéit un eenheemesche Mieresvullen. Eng 100 verschidden Zorte sinn d'ganzt Joer iwwer am Reservat, eng weider 150 nëmme während engem Deel vum Joer. Nieft den dausende Vullen, déi hei eng eenzegaarteg Bréiplaz fannen, empfänkt den Zwin an de Wanterméint grouss Träpp aus dem héijen Norden, déi op der Sich no enger Iwwerwanterungsplaz sinn oder just op der Duerchrees no Süde sinn. Besonnesch an dëse kaale Méint zielt den Zwin gär eng 12.000 Vullen.

Limonium vulgare am August-September
Vergréisseren
Limonium vulgare am August-September

Während dem Schantjen 1953, wou Digue méi héich geluecht ginn ass, huet de Léon Lippens grouss Weiere mat Bréiinselen an d'Salzwise grouwe gelooss, aus deenen d'Vullewelt grousse Profit zitt. Dës gi bei Flut mat Waasser gefëllt, dat bei Ebbe zréck behale gëtt. Duerch dës Manéier befanne sech ëmmer kéipweis Mieresfësch, dausende vu Wierm, Muschelen, Schleeken a Kriibsen an der Reserv, déi de Vulle Friesse bidden. Ronderëm d'Schlammflächen, déi zwee Mol den Dag iwwerschwemmt ginn, wiisst eng typesch Flora. Dës Planze wuessen op salzhaltegem Fong an hunn nëmmen eng Iwwerliewenschance, well si just bei Spring- a Stuermflut iwwerschwemmt ginn. Déi typeschst Düneplanz vum Zwin ass Limonium vulgare, déi an de Méint August a September d'Dünen an e mowe Blummenteppech verzaubert. Dës Dünelandschaft mat um Bord de Kiferbëscher bitt enger Rei vu Mamendéieren, wéi dem Hues (Lepus capensis), der Kanéngchen (Oryctolagus cuniculus) oder dem Grousse Wisel (Mustela erminea) en Doheem.

[Änneren] Vullepark

Am Joer 1953 huet d'Gesellschaft Het Zout ënnert dem Léon Lippens, de Gaart vun der Villa Royale, déi de Kinnek Léopold III. 1934 baue gelooss huet an iwwert kuerz Zäit regelméisseg genotzt huet, an en éducative Vullepark transforméiert. Seng Statue steet haut an der Entrée vum Park. Zu där Zäit war dëst eng revolutionär Iddi, fir en Naturschutzgebitt mat engem Vullepark ze verbannen. Op 7 ha presentéiert de Park an enger etlecher Zuel u Volièren an a fräier Natur ëm déi 110 eenheemesch Vullenaarten. Nieft de Méiwen, den Inten, de Raub- a Sangvullen, wäert virun allem de Wäisse Storch (Ciconia ciconia) d'Visiteuren ze begeeschtere wëssen.

Nëmme knapp 40% vum ganzen Areal si fir d'Visiteuren zougänglech. Am zouenen Deel befanne sech virun allem d'Bréigebidder vun deene Vullen, déi guer net däerfe gestéiert ginn. D'Säit zum Mier zou gëtt nëmmen an Ausnamefäll besicht, am Géigesaz zum Banneland, wou e puermol an der Woch Visiten organiséiert ginn. All Joers ginn aus wëssenschaftlechen Zwécker dausende vu Vulle berénkt a Recherchen iwwert d'Reserv a Bezuch op hir eenzegaarteg Fauna a Flora gemaach. Niewelaanscht ass de Park och eng Opfaangstruktur fir Vullen, déi Affer vun Accidenter oder Uelegpescht-Katastrophe gi sinn.

[Änneren] Um Spaweck

THIS WEB:

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - be - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - closed_zh_tw - co - cr - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - haw - he - hi - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - ms - mt - mus - my - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - ru_sib - rw - sa - sc - scn - sco - sd - se - searchcom - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sq - sr - ss - st - su - sv - sw - ta - te - test - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tokipona - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu

Static Wikipedia 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2007:

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - be - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - closed_zh_tw - co - cr - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - haw - he - hi - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - ms - mt - mus - my - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - ru_sib - rw - sa - sc - scn - sco - sd - se - searchcom - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sq - sr - ss - st - su - sv - sw - ta - te - test - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tokipona - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu

Static Wikipedia 2006: