Nërdlechen Territoire
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
|||
---|---|---|---|
Kaart | |||
Basisdaten | |||
Haaptstad: | Darwin | ||
Gréisst Stad: | Darwin | ||
ISO 3166-2: | AU-NT | ||
Fläch: | 1.349.129 km² | ||
Awunner: | 197.700 (2003) | ||
Bevëlkerungsdicht: | 0,15 Awunner/km² |
Den Nërdlechen Territoire, och Outback genannt, ass ee vun den australeschen Territoiren mat als Haaptstad Darwin.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Geschicht
1623 huet en hollännescht Schëff d'Küst vum Nërdlechen Territoire entdeckt. D'Briten hunn dunn am Norden dräi Siedlungen opgericht. Mä di haart Liewensbedengungen op dësem onwirtschaftlechem Buedem hunn de Projet fir wäiss Zivilisatiounen hei opzebauen zum Enn bruecht.
1863 gouf den Northern Territory en Deel vu Südaustralien, mat Palmerston als Haaptstad. 1911 gouf d'Haaptstad an Darwin ëmbenannt.
1874 huet d'Gold vill nei Immigranten ugelackelt.
D'Geschicht vum Northern Territory no der Kolonisatioun ass vun ongënschtegen Awierkungen geprägt. Darwin gouf gläich zweemol zerstéiert: 1940 duerch Bomme vun der japanescher Loftwaff an 1974 duerch e Wierbelstuerm.
[Änneren] Geographie
Den Northern Territory huet eng Fläch vun 1,35 Mio. km² a grenzt am Osten u Queensland, am Süden u Südaustralien an am Westen u Westaustralien. D'Haaptstad ass Darwin. Den Nërdlechen Territoire ass am Norden tropesch an zur Mëtt zou läit di rout Wüst.
[Änneren] Gouvernement
[Änneren] Economie
[Änneren] Tourismus
Den Nërdlechen Territoire huet sech gutt duerchgesat an ass zu engem vun deene wichtegsten Ziler fir Touriste ginn. Wichtig Faktoren am Tourismus sinn den Nationalpark Uluru – Kata Tjuta mat sengem wuelbekannten Ayers Rock, de Kings Canyon, d'„Haaptstad vum Outback“ Alice Springs an de Kakadu Nationalpark.
[Änneren] Industrie
Nieft verschiddenen Rohmaterialien gëtt och nach Randfleesch, Krokodilfleesch, Fësch a Pärelen an Asien exportéiert.
[Änneren] Kultur a Kuckeswäertes
Den Didgeridoo ass e Blosinstrument aus der Famill vun den Aerophonen a gëllt als traditionellt Museksinstrument vun den nordaustraleschen Aborigines.
[Änneren] Links
[Änneren] Intern
[Änneren] Extern
Staaten: Südaustralien - Westaustralien - New South Wales - Queensland - Tasmanien - Victoria
Intern Territoiren: Australeschen Haaptstadterritoire - Nërdlechen Territoire
Extern Territoiren: Antarkteschen australeschen Territoire - Christmas Island - Lord Howe Insel - Norfolk Inselen - Ashmore a Cartier Inselen - Cocos Inselen - Insele vum Korallemier - Heart a McDonald Inselen - Territoire vun der Jarvisbucht