Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Jean Linden - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Jean Linden

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

De Jean Jules Linden (* 3. Februar 1817 an der Stad Lëtzebuerg, † 12. Januar 1898 zu Bréissel) war e lëtzebuergesch-belsche Botaniker. Hie gëllt als Papp vun den Orchideeën.

Statu vum Jean Linden zu Bréissel
Vergréisseren
Statu vum Jean Linden zu Bréissel

De Jean Linden studéiert zu Bréissel a gëtt 1835, mat knapps 19 Joer, vun der Belscher Regierung op Expeditiounsrees geschéckt, op deer en duerch bal all Länner vu Mëttel- a Südamerika kënnt. Zäitweilech huet hie mam Alexander von Humboldt zesumme geschafft. Vun dësen am ganzen dräi Reesen, déi bal 10 Joer gedauert hunn, huet hien eng Onmass vu Planzen heem an Europa geschéckt.

1845, no senge Reesen, kënnt hien hannescht op Lëtzebuerg, a plënnert 1851 op Bréissel, wou en d'Gesellschaft L'Horticole Coloniale grënnt. Zu Gent an zu Bréissel huet hien Zäre baue gelooss, fir déi besonnesch empfindlech tropesch Planzen unzebauen a weiderzezillen, déi en dann a ganz Europa, bis op de russeschen Zarenhaff, verkaf huet. Seng Sammlung vun Orchideeë gëtt weltberühmt. Eng Orchideeënzort dréit esouguer säin Numm: Lindensis. Hien ass den Auteur (zesumme mat sengem Jong Lucien) vun engem räich illustréierte Buch iwwer dës Blummenzort, dat laang e Standardwierk bliwwen ass. Zu sengen Haaptclienten zielt eng Zäit laang de Jean-Pierre Pescatore, deen op sengem Schlass vu La Celle Saint-Cloud eng grouss Sammlung hat. Dësem wichtege Client zu Éieren nennt de Jean Linden eng vu senge Publikatioune "Pescatorea".

Vun 1851 bis 1861 ass hien Direkter vum zoologeschen a botanesche Gaart vum Bréisseler Parc Léopold, wou haut nach e Monument un en erënnert.

Zu Nice gëtt d'Promenade des Anglais mat Palmen aus sengen Ziichtereien ugeluecht.

Eng Zäit laang ass de Jean Linden och Generolkonsul vu Lëtzebuerg an de Vereenegte Staaten.

De Jean Linden stierft am Alter vun 80 Joer zu Bréissel.

[Änneren] Publikatiounen

  • L'Illustration Horticole, Journal spécial des Serres et des Jardins, Gent 1854-1884 (Erausgin zesumme mam Charles Lemaire an Ambroise Verschaffelt. Nodréck 1868-1896; d'Lithographië si vum Alfred Goosens, P. De Pannemaeker and J. Goffart.
  • Pescatorea - Iconographie des Orchidées, Bréissel 1860; en Nodrock ass bei Naturalia publications erauskomm.
  • Lindenia - Iconographie des Orchidées, 17 Bänn, Bréissel 1886-1903. (d'Illustratioune si vum A. Goossens, d'Texter vum Jean Goossens a Lucien Linden)

[Änneren] Literatur

  • Nicole Ceulemans, (Ururkandskand vum Jean Linden): JEAN LINDEN - Explorateur - Père des orchidées, Editions Schortgen & Fonds Mercator, Juni 2006, 24 x 29 cm, 237 fuerweg Säiten, op Franséisch, ISBN 2-87953-018-0
  • Nicole Ceulemans (avec la collaboration de G. Braem): Sur les traces de Jean Linden, explorateur. Bruxelles: Fonds Mercator 2006. ISBN 9-06153-630-8.

[Änneren] Um Spaweck

Aner Sproochen
Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com