Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Galileo Galilei - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Galileo Galilei

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Galileo Galilei
Vergréisseren
Galileo Galilei

De Galileo Galilei (* 15. Februar 1564 zu Pisa, † 8. Januar 1642 zu Arcetri bei Florenz) war en italienesche Mathematiker, Physiker an Astronom a Begrënner vun der mathematescher Naturwëssenschaft.

Mat sengen Theorien huet en zum Deel dem Aristoteles seng Aarbechte widderluegt. Hien war een vun deenen éischten, déi astronomesch Beobachtungen mat dem Teleskop gemaach hun.

Hie war Unhänger vum Nikolaus Kopernikus. Zu sengen Beobachtungen a Berechnungen zielen:

  • Jupitermoundentdeckungen
  • Venusphasen
  • Sonneflecken
  • Fallgesetzer

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Biographie

1564 : De Galilei kënnt den 15. Februar zu Pisa op d’Welt; säi Papp, de Vincenzo Galilei, ass Museker a Musektheoretiker

1580 – 1585 : Hie war Student vun der Philosophie a Medizin an der Universitéit vun Pisa, déi hien ouni Ofschloss verléisst. Hien huet sech der Mathematik zougewandt, an de Léiere vum Archimedes.

1589 - 1592 : Hie gouf Lektor fir Mathematik zu Pisa a schrouf säin éischt Wierk: De motu (Iwwer d’Bewegung).

1592 – 1610 : Hie gouf Professer fir Mathematik zu Padua.

[Änneren] Wierker a Schrëfte vum Galilei:

  • Le mecaniche (1593),
  • Compasso geometrico e militare (De militäresche a geometresche Kompass) (1606),
  • Sidereus nuncius (De Stärebot), (1610),
  • Discorso intorno alle cose che stanno in su l’acqua (Ofhandlung iwwer Saachen, déi sech iwwer Waasser hale kënnen) (1612),
  • Lettere solari (D’Sonnebréifer, Observatiounen an Theorien iwwer d’Sonneflecken) (1613),
  • 1615 – 1616 : De Galilei goung op Roum. Discorso sul flusso e reflusso (Ofhandlung iwwer d’Gezäiten) Déi kierchlech Ämter verurteelen d’Léier vum Nikolaus Kopernikus. De Galilei krut vum Kardinol Bellarmino e Blâme.
  • 1619 : Discorso sulle comete (Ofhandlung iwwert d’Koméiten, déi hie zesummen mat dem Mario Guiducci geschriwwen huet)
  • 1623 : Il Saggiatore. De Maffeo Barberini gëtt zum Poopst Urban VIII gewielt.
  • 1624 : Nach eng Rees vum Galileis op Roum fir sech dem neie Poopst erkenntlech ze weisen.
  • 1624 – 1630 : Hie verfaasst den Dialog iwwer dài zwee haaptsächlech Weltsystemer, dat ptolemäescht an dat kopernikanescht
  • 1632 : Am Februar, Drock vum Dialog; am August gëtt d’Verbreedung verbueden. Am September gëtt dem Galilei ordonéiert, sech den hellegen Uffizien ze stellen.
  • 1633 : Am Januar ass de Galilei erëm zu Roum. Et gëtt him de Prozess gemaach an e gëtt verurteelt. Den 22. Juni gëtt de Galilei gezwongen, alles ofzeschwieren
  • 1638 : Discorsi e dimostrazioni intorno a due nuove scienze (Ofhandlung an Experimenter ronderëm zwou nei Wëssenschaften)
  • 1642 : De Galilei stierft a sengem Landhaus zu Arcetri bei Florenz

[Änneren] Seng Wierker

  • Sidereus nuncius, 1610
  • Saggiatore, 1623
  • Dialogo sopra i due massimi sistemi, Florenz 1632
  • Discorsi e dimostrazioni matematiche, Leiden 1638

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck

Commons: Galileo Galilei – Biller, Videoen oder Audiodateien
Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com