Venus (Planéit)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Kuerzbeschreiwung
D’Venus ass nom Merkur den zweete Planéit an eisem Sonnesystem. De Venus besëtzt, genee wéi de Merkur och kee Mound. Si ëmkreest d’Sonn an enger Distanz vu 0,7 Astronomeschen Eenheeten an ass nëmmen e bëssche méi kleng wéi eis Äerd. Ebenso sind die Déi mëttel Dicht an d’Schwéierkraaft op der Venus fast ass bal identesch den entspriechenden Werter vun der Äerd. Dofir gëtt gären d’Venus als Schwësterplanéit vun der Äerd bezeechent.
D’Venus brauch knapp 225 Deeg fir en Ëmlaf ëm d’Sonn a rotéiert an 243 Deeg retrograd ëm hir eegen Achs. D’Venus gëtt genee wéi d’Äerd vun enger Atmosphär agewéckelt. Allerdéngs sinn déi physikalesch a chemesch Eckdaten vun der Venusatmosphär ganz verschidden wéi déi vun der Äerd. Zum Beispiel ass d’Venusatmosphär sou dicht, datt kee sichtbart Liicht si duerchdréngen kann an et duerfir onméiglech ass, e Bléck op d’Uewerfläch ze werfen. Der russescher Venera-Sond ass et gelongen fir op der Venus ze landen, a fir do e puer Biller vun enger drëchener, stengecher a rouder Uewerfläch opzehuelen. D’Magellan-Sond huet Uewerfläch mat Radarstrahlen ofgetaascht an och kartéiert die. Radarstrahlen kënnen duerch d’Atmosphär duerchdréngen.
D’Venusuewerfläch ass ziemlech liewensfeindlech. Déi ugesprachen héich Atmosphärendréck erreechen 90 bar. D’Temperaturen bedroen merkurähnlech 470°C. En héigen Undeel vu Kuelendioxid an der Atmosphär suergt fir e kräftegen Dreifhauseffekt, den d’Temperaturen an dës Héichten dreift. Iwwer d’„Geologie“ vun der Venus gëtt nach hefteg gestridden. Verschidden Astronomen mengen Unzeechen fir aktiven Vulkanismus fond ze hunn.
Op de Kartéierungen fënd een grouss Becken, ähnlech eisen Ozeanen, awer ouni Waasser. Weider fënnt een ausgedeente Bierger a Verwerfungen, wéi se typesch fir irdesch Plattentektonik sinn. Et ass een sech allerdéngs eeneg, datt dës plattentektonesch Aktivitéiten op der Venus schon virun 500-1000 Milliounen Joeren stattfond hunn.
[Änneren] Um Spaweck
- The Soviet Exploration of Venus
- Catalog of Soviet Venus images
- The Nine Planets: Venus
- NASA page about the Venera missions
- Magellan mission home page
- Pioneer Venus information from NASA
- Detailed information about transits of Venus
- USGS Gazetteer of Planetary Nomenclature: Venus
- Raumfahrer.net: Venus
Sonn - Merkur - Venus - Äerd - Mars - Asteroidenceinture - Jupiter - Saturn - Uranus - Neptun - Pluto - Kometen - Kuiperceinture - Oort Wollek - Asteroid - Tabellaresch Iwwersiicht vun de Planéiten an Zwergplanéiten