Dagobert Duck
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Dagobert Duck (engl. Scrooge McDuck), ass eng Comicfigur aus dem Walt Disney-Universum. Hien ass de Monni vum Donald Duck, Groussmonni vum Tick, Trick an Track an als Fantastilliardär déi räichsten Int vun der Welt.
Laut senge fiktive Liewensdonnéeën ass hien 1867 zu Glasgow gebuer an 1967 an Entenhausen gestuerwen. Den Don Rosa huet awer am Joer 2000 och verlaude gelooss datt den Dagobert säin 133. Gebuertsdag feiere géif.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Historique
Den Dagobert ass eng Erfindung vum Carl Barks. Déi éischte Kéier daucht hien am Joer 1947 an der Geschicht Christmas on Bear Mountain op. Säin engleschen Originalnumm weist schonn op säi Charakter hin, duerch deen en och weltweit bekannt ass, Scrooge McDuck. Den Familliennumm McDuck léisst direkt erkennen, dass den Dagobert schottescher Ofstamung ass. Säi Virnumm Scrooge ass eng Uspillung op den knéckegen Ebenezer Scrooge, dem Haaptcharakter aus dem Charles Dickens sengem A Christmas Carol.
Geneesou beléiwt wéi dem Carl Barks seng Comicgeschichten em d'Famill Duck, si mëttlerweil d'Comicalbe vum Don Rosa. Hie gouf 1991 fir d'éischt beoptraacht, am Numm vum Egmont-Verlag eng Comicrei ze zeechnen (Sein Leben, seine Milliarden). Bis haut huet den Don Rosa et op iwwer 25 Duck-Albe bruecht.