Charly Gaul
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
.
De Charly Gaul, gebuer den 8. Dezember 1932 am Pafendall a gestuerwen de 6. Dezember 2005, war e lëtzebuergesche Vëlosportler. Hien huet 1958 den Tour de France gewonnen.
De Charly Gaul war e Biergspezialist a gouf dofir um Héichpunkt vu senger Carrière, déi vun 1953 bis 1965 gedauert huet, "Engel vun de Bierger" genannt.
Niewent senger Victoire am Tour de France 1958 ass de Gaul 1955 an 1961 Drëtten an dëser Course ginn. 1955 a 1956 huet hien och den Tricot vum beschte Biergcoureur gewonnen. 1956 an 1959 huet en den Giro d'Italia gewonnen. Am ganzen huet hie beim Tour de France 10 Mol a beim Giro 11 Mol d'Etappe gewonnen.
[Änneren] Spëtznimm
- Ange de la Montagne
- Monsieur Pipi dëse Spëtznumm krut en well en op engem schlechten Dag dacks huet misse vum Vëlo klammen fir op d'Säit ze trieden an de Louison Bobet dee mat him an enger Echappée war ass him fortgerannt an huet d'Etappe gewonn.
[Änneren] Palmarès
[Änneren] 1951
- 1. an der Flèche du Sud
[Änneren] 1953
[Änneren] 1954
[Änneren] 1955
[Änneren] 1956
- 1. am Tour de Luxembourg
- 6. am Giro dell'Emilia (249,5 km)
[Änneren] 1959
- 1. am Tour de Luxembourg
[Änneren] 1961
- 1. am Tour de Luxembourg
[Änneren] Gielecher
De Charly Gaul gouf 4 Mol zum lëtzebuergesche Sportler vum Joer gewielt, an 1999 souguer zum "Sportler vum Joerhonnert".
[Änneren] Literatur zum Thema
- Gast Zangerlé: Der Mythos Charly Gaul. Luxemburg: Éditions Saint-Paul, 2006. ISBN 2-87963-597-7 (och op franséisch: La saga Charly Gaul).
- Bergauf, bergab mit Charly Gaul. Luxemburg: Editioun François Mersch, 1959. 241 Säiten.
- Roland Barthes: Le Tour de France comme épopée. In: Mythologies. Paris: Éditions du Seuil, 1957, pp. 110-121.