Wikipedia:Video
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel gëtt Iech Informatiounen a Regele fir Video-Dateien op der lWikipedia duer. Allmeng Diskussiounen zu Multimedia kënnt Dir op Meta noliesen. |
[Änneren] Ofspille vu Video-Dateien
Op Ärem Computer muss e Programm installéiert sinn, deen d'Dateiformat vun enger Video-Datei ënnerstëtzt. Op der Wikipedia sinn dëst Dateien am Format Ogg Theora. Fir d'Ofspille vun Ogg Theora Dateien ass ofhängeg vum Betribssystem eventuell eng bestëmmte Software oder e Plugin noutwänneg.
Virlagen a weider Informatiounen zum Abanne vu Videodateien an d'Wikipedia-Artikel fannt Dir op Wikipedia:Textbausteng/Multimedia.
[Änneren] Zoulässeg Video-Formater a Programmer
Dat üblecht Dateiformat fir Video-Dateien op der Wikipedia ass Ogg Theora. Ogg ass e fräit an oppent Multimedia-Format, wat dohir am beschten dem Geescht vun der Wikipedia entsprécht. Aner Dateitype sinn net erlaabt, well si meeschents eng Lizenz erfuerderen.
Commons: Méi Informatioun zu de Formater op Commons – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Fir eng Rei vu Betribssystemer steet de Kommandozeile-Programm ffmpeg2theora zur Verfügung. Aner Software ass nëmme fir bestëmmte Plattformen ze kréien:
- Linux
- Cinelerra, LiVES
- Windows
- ffmpeg2theora ass e Kommandozeile-Programm, wat verschidde Video-Formater an Ogg-Theora ëmwandele kann.
- Graphesch Uewerfläch fir d'Encodéieren no Ogg-Theora inkl. ffmpeg2theora (1,4Mb)