Victor Weiss
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Victor Weiss war e lëtzebuergesch Geeschtlechen an Dichter. Hien ass am Joer 1879 gebuer an am Joer 1951 gestuerwen.
De Victor Weiss war vu 1916-1923 Paschtouer zu Koplescht. An deene Joren huet hien d'Kopleschter Lidd geschriwen.
[Änneren] D'Kopleschter Lidd
(Original Schreifweis)
Mir sti fest zesummen am Weidendall
Voll Kraft a voll Mutt an der Reih!
Ons Löscht ass geféllt mat jong Leiden all,
De' hirem Land an Herrgott trei.
Refr.
Et stét ons Jugendkrâft a Liewen,
Dir Letzeburger , Hémechtswuecht !
Fir he'ch an he'ger Dech ze hiewen
Ass onse Plang ste'ts Dag an Nuecht
Ons Parol' de' soll te'nen hell an den Dall:
Hémechtsle'ft an Hergottstrei!
An d'Echo dat äntwert mat luesem Schall
Hémechtsle'ft an Hergottstrei.
De’f hannert dem Bridel do leit mein Hém
Wo d’Mamer sech quetscht durch den Dall
Emkränzt an emwàlt vun den Dännebäm,
Dat hàt scho Papp a Mamm gefall!
Refr.:
Mir schaffen op Schmelzen, am Minettsschacht,
Mir sangen onst Lidd hanner'm Plo';
An hu mir keng Renten, keng Kineksmacht,
Zefridden si mir ömmerzo'!
Refr.:
Mir sangen se frei a mat stolzem Bleck.
D’Paro'l vun der Le'ft an der Trei.
Mir hâlen se he'ch, well si mecht onst Gleck,
Bis och ons lescht Minut verbei.
Refr.:
Ons lescht Liewensfahrt de' gét d'Sângen an,
Do fannen mir endlech ons Ro';
Mä Jongen, dir braucht net ze bângen dann,
Hut dir èr Schöllegkét gedon:
Refr.:
A sin och ons Aen scho längst gebrach,
D’Paro'l ömmer viru nach schàlt,
Ons Kanner an hir, ste'ts se sangen nach,
So'lâng de Besch onst Duerf emwâlt.
Refr.:
Ste'ts stét hir Jugendkrâft a Liewen,
Fir he'ch an he'ger Dech ze hiewen
Bleiwt hire Plang ste'ts Dag an Nuecht,
An d' Paro'l te'nt stolz virun um Bierg an am Dall:
Hémechtsle'ft an Hergottstrei!
An d'Echo dat äntwert mat stolzem Schall
Hémechtsle'ft an Hergottstrei.