Tony Rollman
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Tony Rollman, * 1899, † 1986, war e Stolspezialist. Hien ass an deeër Qualitéit Generaldirekter vun der Maartdivisioun bei der Héiger Autoritéit vu der CECA ginn, eng Funktioun déi hie bis 1967, dat heescht bis zur Fusioun vu der Héiger Autoritéit mat der Europäaescher Commissioun, ausgeübt huet.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Säi Liewen
Den Tony Rollman hat eng féierend Positioun bei der Arbed an ass als Stolspezialist an den 1930er Joeren no Japan geschéckt ginn. Nom Zweete Weltkrich ass hie vu Lëtzebuerg aus an déi International Ruhrautoritéit, déi mat de Zukunftsproblemen vu der däitscher Groussindustrie befaasst war, delegéiert ginn. Hie war do bis den Albert Wehrer, zesummen mam Jean Monnet, en no Lëtzebuerg zeréckberuff hunn, fir d'Generaldirectioun Stol vum Schumanplang opzebauen an ze dirigéieren. Den Tony Rollman war e Self made man an e bescheidene Mënsch. Hien huet geglänzt duerch seng Doten an net duerch seng Wierder. Seng Stierkt war seng Kompetenz, iewer och seng Facultéit, fir komplizéiert Probleemen einfach duerzestellen. Hien zielt zu de groussen Lëtzebuerger Europäer vu der alleréischter Stonn.
[Änneren] Verdéngschter an Unerkennung
- An de Mémoiren vum Jean Monnet gët den Tony Rollman ausdrécklech ernimmt.
- Iwwert den Tony Rollman ass vum CNA ee Dokumentarfilm gedréint ginn, deen de 14. Juni 2005 zu Ettelbréck an enger Avant-première présentéiert gin ass.
[Änneren] Literatur
- Henri Rieben, Bernard Clappier, Etienne Hirsch, Tony Rollman, François Fontaine, Robert Holveck: Une mémoire vivante, 1986, 144 Säiten
[Änneren] Kuckt och
- Dokumentarfilm: Tony Rollman, une aventure européenne