Thomas Pierrepoint
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Thomas Pierrepoint, gebuer 1870, a gestuerwen 1954 war e briteschen Henker. Hie stoung op der Home Office List, der offizieller Lëscht vun den Henker vun 1906 bis 1946
Den Thomas Pierrepoint, deen ongeféier 300 Mënschen higeriicht huet, war 27 Joer laang als Schaarfriichter aktiv. Hie war och an anere Länner beschäftegt wéi Irland, Zypern. Wéi d' Republik Irland am Joer 1923 onofhängeg vun England gouf, ass den Thomas Pierrepoint do offiziellen Henker ginn an hien huet tëscht 1923 an 1944 24 Leit am Mountjoy Prisong zu Dublin higeriicht.
Hie war de Monni vum Albert Pierrepoint an de Brudder vum Henry Pierrepoint , allebéid Henker fir d'britesch Kroun.
Ënner deenen, déi vum Thomas Pierrpoint gehaange goufen, waren de Frederick Seddon, d' Louie Calvert an d'Charlotte Bryant.