The Nebula Dawn
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Informatiounen zum Film
{{{Plakat}}}
Filmdaten | |
---|---|
Originaltitel: | The Nebula Dawn |
Produktiounsland: | Lëtzebuerg |
Produktiounsjoer: | 2006 |
Dauer: | 55 Minutten |
Originalsprooch: | Lëtzebuergesch |
Equipe | |
Regie: | Yves Steichen |
Dréibuch: | Yves Steichen |
Kamera: | Michel Clemen |
Musek: | various |
Produzent: | Koler Movies Lëtzebuerg |
Haaptacteuren | |
Claude Peiffer als Dr. Hagen Dan Paulus als Daniel Tania Mangen als Lena |
The Nebula Dawn ass e Lëtzebuergesche Film vum Yves Steichen aus dem Joer 2006.
[Änneren] Ëm wat geet et am Film?
Gëtt et e Bewäis fir d’Existenz vu Geeschter?
Dëser Fro wëll de Professor Hagen (Claude Peiffer) zesumme mat sengen Assistenten Victor (Claude Hansen), Dan (Daniel Paulus) a Lena (Tania Mangen) an hire paranormale Fuerschungen nogoen.
Enges Daags fält hinnen duerch en anonymen Tipp en onheemlecht, bis deen Dag onbekannt Videoband an d’Hänn, dat vläicht genee dee revolutionäre Bewäis fir d’Existenz vu Geeschter kéint liwweren. Fir erauszefannen ob d’Band echt ass, beschléissen déi véier eng Expeditioun ze starten, bei där si och d’Hëllef vun engem dubiose Geeschterbeschwierer, dem Mr. Montana, (Pierre Heinen) an Usproch huelen.
Nëmmen, wien ass dee mysteriéise Montana, a wat huet e wierklech wëlles?
Während di éischt Halschent vun The Nebula Dawn sëch mat de Recherchen iwwert d’Videoband beschäftegt, verwandelt sëch de Film dono an e fantasyméissegen Actionfilm mat enger apokalyptescher Menace…