Terrence Malick
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Terrence Malick (* 30. November 1943 zu Waco am Texas) ass en amerikanische Filmregisseur a Dréibuchauteur.
1969 huet en e Kuerzfilm (Lanton Mills) gedréint.
Säin éischte Laangspillfilm (Badlands) huet en 1973-1974 gedréint. En erzielt d'Geschicht vun zwee jonke Verbriecher.
1978 dréint e mat dem Film Days of Heaven e wonnerschéine Film, sozesouen all Bild ass en Tableau.
20 Joer héiert een dunn näischt méi vum Terrence Malick.
1998 iwerrascht hien dann d'Filmwelt erëm mat engem Krichsfilm. Dëse Film, e Meeschterwierk, ass alt erëm anescht ewéi een dat vu Krichsfilmer gewinnt ass.
Dem Terrence Malick seng Filmer sinn aussergewéinlech a si si schwéier ze beschreiwen, awer mat nëmmen véier Filmer geet hien an d'Filmgeschicht an.
[Änneren] Filmographie
- The New World (2004) mam Colin Farrell a Christopher Plummer
- The Thin Red Line (1998) mam Sean Penn, George Clooney a Nick Nolte
- Days of Heaven (1978) mam Richard Gere a Brooke Adams
- Badlands (1973-74) mam Martin Sheen a Sissy Spacek
- Lanton Mills (Kuerzfilm) (1969) mam Warren Oates an Harry Dean Stanton