Spueniekämpfer
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Mat Spueniekämpfer gi gemenkerhand déi Leit bezeechent, déi fräiwelleg als Brigadisten op der Säit vun de Republikaner an de Spuenesche Biergerkrich gezu sinn, fir géint déi franquistesch Truppen ze kämpfen. Vu Lëtzebuerg aus waren dat der 102.
Déi meescht vun hinne waren Aarbechter aus dem Minett, déi a lénke politesche Parteien aktiv waren. Vill haten e Migratiounshannergrond.
Joerzéngtelaang ass hinnen de Status vum Resistenzler net unerkannt ginn. Mat Ursaach dovunner war e Mësstrauen, fir net ze soen Anti-Kommunismus vun deene Kreesser, déi och z.B. hannert dem Maulkuerfgesetz stungen, an deen am Kale Krich en neien Opdriff krut, awer och méi banal eng gewësse politesch Lethargie an den Ëmstand, datt et zu Lëtzebuerg kee Status fir Ancien combattants gëtt.
Eréischt Enn vun den 1990er Joeren huet dat sech geännert. Den Henri Wehenkel huet e gutt dokumentéiert Buch iwwer d'Spueniekämpfer publizéiert, zu Diddeleng gouf 1997 e Monument ageweit (dat 2001 profanéiert gouf) an 1998 koum et zu der Grënnung vun enger Asbl, Les amis des brigades internationales. Uganks 2000 koum et zu enger Debatt an der Chamber, an dat selwecht Joer kruten déi wéineg, déi bis dohinner nach gelieft hunn, e Gielche vum Premier Juncker iwwerreecht.
De 16. Juli 2003 huet d'Chamber dann endlech, an zwar eestëmmeg, d'Gesetz vum 10. Abrëll 1937 abrogéiert, dat den Awunner vu Lëtzebuerg verbueden huet, um Spuenesche Biergerkrich deelzehuelen.Duerch dësen éischter symboleschen Akt gouf deenen 102 Brigadisten hiert antifaschistescht Engagement nodréiglech legitiméiert an unerkannt.
[Änneren] Literatur
- Henri Wehenkel: D'Spueniekämpfer - volontaires de la Guerre d'Espagne partis du Luxembourg. Centre de documentation des migrations humaines, Dudelange,1997.
[Änneren] Documentaire
- Frédéric Fichefet an Edie Laconi: Les perdants n'écrivent pas l'histoire - Mémoires luxembourgeoises de la Guerre d'Espagne. 2001.