Spuenescht Duerf
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Spuenescht Duerf zu Barcelona, oder och nach Poble Espanyol genannt, gouf 1929 fir d'Weltausstellung gebaut. Et läit um Montjuïc, en 173 m héije Bierg an der Stad.
Do fënnt ee charakteristesch Bauforme vun deenen eenzele spuenesche Regiounen am Detail nogestallt.
Et ass eng beléiften Attraktioun fir Touristen wou am Summer op der Duerfplaz Konzerten sinn a wou een duerch di kleng Gässele mat ville Restaurante, Geschäfter, Handwierksatelieren, Caféën a Baren kann trëppelen.
En ähnlecht "spuenescht Duerf" gëtt et och zu Palma de Mallorca (Pueblo Español de Palma de Mallorca).