Solo
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
An der Musek ass e Solo
- e Musekstéck oder den Deel vun engem Musekstéck, dat fir eng Persoun oder een Instrument geschriwwen ass,
- d'Opféierung vun engem Musekstéck, Vokal- oder Instrumentalmusek, duerch eng Persoun. Et ginn zum Beispill Kompositiounen, déi fir ee Piano geschriwwe sinn.
Solist ass e Museker, Sänger oder Dänzer deen eleng optrëtt oder eng Eenzelstëmm an engem Chouerverband a bannent engem Instrumentalensembel.