Siweburen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Siweburen war iwwer 200 Joer laang d'Wäschkiche vun der Stad.
A Kadaster-Ënnerlage vum Enn vum 17. Joerhonnert gi fir d'éischt d'Wäschbure Siweburen ernimmt; dobäi geet et ëm e Wunnhaus, Folie Grégoire genannt, dat "beim Baumbusch, beim Bach und Brunnen" läit, an dem Jean Grégoire, engem pensionéierte Kommandant vun der spuenescher Arméi gehéiert.
1707 gëtt d'Folie Grégoire mat allem Drëm an Drun Eegentum vun der Stad Lëtzebuerg, déi 1734 decidéiert beim Rodenborn en Haus bauen ze loossen.
1736 léisst d'Stad vum Zammermann Basen aacht Basengen aus Holz mat engem Daach driwwer do opriichten. D'Wäschfraen hu missen 2 Sol fir d'Wäschen an 3 Sol fir Wäschen, Bleechen an Dréchne bezuelen.
Den 1. Abrëll 1767 kafen d'Bridder Jean François, Dominique a Pierre-Joseph Boch vun der Stad d'Folie Grégoire mat den Terrainë ronderëm fir eng Porzeläifabrik ze bauen. Se kréien och d'Erlaabnes fir d'Waasser vun de Quelle fir hir Fabrik ze gebrauchen, ënner der Konditioun, datt d'Awunner weiderhin d'Buren däerfe benotze fir hir Wäsch an d'Wise fir d'Wäsch ze dréchnen.
Well d'Strooss méi breet gemaach gouf, sinn 1968 d'Siweburen ewechgerappt ginn. Eng Gedenkplack um Waasserbaseng erënnert haut nach un d'Siweburen.