Hëllef:Sichen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Ët gëtt verschidde Méiglechkeeten, Inhalter op der Wikipedia ze fannen. Dësen Artikel versicht, en Iwwerbléck iwwert déi verschidde Sich- a Rechercheméiglechkeeten ze bidden. |
Wikipedia-Sich
Fir den Artikelbestand vun der Wikipedia ze duerchsichen, gëtt et op der lénker Säit am Menu zwee Buttons, Lass a Sichen. Wann een do e Wuert agëtt, an op Enter oder Lass klickt, land een am beschte Fall direkt beim Artikel mat deem Numm. Dofir muss een oppassen. De Sichen-Button dogéint weist all Virkomme vum Begrëff no deem gesicht gouf an allen Artikeltitelen an Texter. Dës Sichfunktioun ass och iwwert d'Artikelsich zougänglech.
Hiweiser zu der Benotzung vun der Sichen-Box
E puer Hiweiser zu der Benotzung vun der Sichen-Box op all Wikipedia-Säit:
- Mindestens ee Sichbegrëff muss drastoen. Et ginn all Säiten uginn, déi mindestens ee vun de Suchbegrëffer exakt sou wéi Dir en aginn hutt, enthalen. Wann Dir kee Resultat kritt, kuckt eventuell no op Dir Iech net verschriwwen hutt. Deelwierder ginn net als Resultat ugewisen: Eng Sich no Loft liwwert keng Artikelen, déi nëmmen d'Wuert Loftdrock enthalen.
- Vermeid kuerz oder immens oft gebrauchte Wierder. Eng méiglech Uersaach vun enger Sich déi keng Resultater bruecht huet besteet dodranner, datt am Sichterm sougenannte Stoppwierder waren (z. B. den, een, méi, iwwer, wann). D'Sich soll dann ouni dës Stoppwierder widderholl ginn.
- D'Sichfunktioun mécht keen Ënnerscheed tëschent Grouss- a Klengschreiwung. Eng sich no walfer, Walfer a WALFER liwwert ëmmer dat selwecht Resultat.
Hiweiser, wéi Dir d'Sich präziséiere kënnt
- Nëmmen den Haaptnummraum gëtt standartméisseg duerchsicht. Säite, wou am Titel Wikipedia:, Benotzer: oder Diskussioun: steet, gi standartméisseg net an d'Sich mat abezunn. Fir d'erweidert Sich, déi ënnen op der Säit mat de Resultater vun der Sich steet, kënnen awer och aner Nimmräim (Wikipedia-, Benotzer-, Biller- an dozou gehéiereg Diskussiounssäiten) duerchsicht ginn.
- Boolesch Sich ass méiglech (Sich mat logescher Verknäppung vun de Sichwierder). Mat Hëllef vun de Wierder AND („an“), OR („oder“) an NOT („net“) souwéi duerch Klamere kënne komplex Sichufroë gestallt ginn. Wann näischt agi gëtt, ass AND d'Standardastellung. Sou liwwert beispillsweis eng Sich no Loft NOT Drock all Säite, wou d'Wuert Loft virkënnt, awer net d'Wuert Drock. Eng Sich no Loft AND (Drock OR Fiichtegkeet) weist all Artikelen, déi net nëmme Loft mee och Drock oder Fiichtegkeet enthalen.
- Regulär Ausdréck kënnen net benotzt ginn.
- Wildcards (Plazhaler fir verschidden Zeechen) kënne benotzt ginn. Sou liwwert eng Sich no Loft* all Säite, wou Wierder mat Loft uginn, z. B. Loftdrock.
Integratioun vun der Sichfunktioun an de Browser
Ët gëtt verschidde Méiglechkeeten, fir d'Wikipedia-Sich an ënnerschiddlech Browser z'integréieren. Kuckt dozou w.e.g. Browser-Ënnerstëtzung.
Kuckt och
Mat externe Sichmaschinnen d'Wikipedia duerchsichen
Wéinst der staarker Belaaschtung vum Server kann d'Wikipedia-intern Sich zäitweis desaktivéiert ginn. Da kritt Dir d'Méiglechkeet, iwwert extern Sichmaschinne wéi Google no Wikipedia-Artikelen ze sichen. De Lass-Knäppche funktionéiert awer ëmmer. D'Sich mat externe Sichmaschinnen huet de Virdeel, datt dës all Nimmräim duerchsichen, a Stoppwierder ignoréieren. Et kann allerdéngs passéieren, datt d'Resultater net ëmmer dem aktuelle Stand entspriechen.
- Google (lëtzebuergesch Wikipedia)
- Google (all Wikipediaen)
- Seekport (däitschsproocheg Wikipedia)
- Qwika.de däitsch- an engleschsproocheg Wikipedia
- Web.de Wikipedia-Sich
- LuMriX Wikipedia-Sich
- Wikiii
- Wikimedia-Search
- Sich no Artikelen zu Persounen op der Wikipedia
Alphabeteschen Index an Zoufallsartikel
Als Gesamtiwwersiicht gëtt et den Alphabeteschen Index:
0–9 · A · B · C · D · E · F · G · H · I · J · K · L · M · N · O · P · Q · R · S · T · U · V · W · X · Y · Z
Wann een einfach nëmme bliedere wëll, kann een dofir d'Funktioun Zoufallssäit notzen, déi dann iergendee vun de momentanen 12,011 Artikel opmécht.
Thematesch sichen
Zur Zäit bitt sech fir eng Sich no Themen d'Säit zu eisen Themeportaler unn. Wann Dir en Iwwerbléck iwwert e bestëmmt Thema wëllt gesinn, sou hutt Dir (op mannst) véier verschidde Méiglechkeeten:
- Dir liest Iech den Haaptartikel duerch, deen net nëmmen en inhaltlechen Iwwerbléck bitt, mee och duerch d'intern Verlinkung zu weidere relevante Wikipedia-Artikel féiert. Ausserdem kënnt Dir Iech och d'Links op dës Säit (lénks am Menu) uweise loossen, an da gesitt Dir, wéieng Artikelen all op deen Artikel weisen, deen Dir grad virun Iech hutt.
- Dir fuert iwwert d'Portal zum Thema (wann et dat schonns gëtt). Portaler gi vun engagéierte Wikipedianer betreit, a bidden nieft enger Auswiel vun de wichtegsten Artikelen zum jeweilegen Themegebitt och heefeg eng Plattform fir matzeschaffen. Sou gëtt et heefeg d'Méiglechkeet, Artikelen déi nach feelen ze vermierken. En Iwwerbléck iwwert all Portaler gëtt Iech d'Kategorie Portaler (automatesch generéiert; enthält all deementspriechend kategoriséiert Portaler).
- Dir kënnt och iwwert d'Kategorië fueren. D'Kategoriesäite ginn automatesch generéiert. Si lëschten an alphabetescher Reiefolleg d'Artikelen op, déi an dës Kategorie gesat goufen. D'Kategoriséierung an sech geschitt manuell. Als gudde Startpunkt an dës Struktur kann d'Haaptkategorie dingen. Den aktuelle Kategoriebaam vun der Wikipedia ka mam Tool CatTree ugekuckt ginn.
- Et gëtt och Lëschten déi bei der Navigatioun hëllefe sollen. Lëschte gi manuell gepflegt a sinn heefeg an den Haaptartikele verlinkt. En Iwwerbléck iwwert all Lëschte ginn d'Referenztabellen (manuell gepflegt) a Kategorie Lëschten (automatesch generéiert; enthält all deementspriechend kategoriséiert Lëschten).