Schoulgesetz vun 1912
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D’ Schoulgesetz vun 1912 gouf den 25. Juni 1912 an der Chamber gestëmmt. Heibäi huet et sech ëm e neit Gesetz gehandelt wat d’Primärschoulen zu Lëtzebuerg betraff huet an (ënner anerem) folgendes nei agefouert huet:
- d’Schoulgeld gouf ofgeschaaft,
- 7 Joer Schoulpflicht goufen agefouert,
- Lëtzebuergesch ass Pflichtfach ginn.
Ausserdeem gouf folgendes festgeluegt, wat vu kierchlecher Säit heftegst contestéiert gouf:
- d’Bestëmmung dass de Schoulmeeschter am Reliounsunterrecht matschaffe muss, ass fale gelooss ginn,
- d’Schoulmeeschteren hun kee Zertifikat iwert hire reliéise Liewenswandel méi brauchen ze presentéieren fir ernannt ze ginn,
- de Paschtouer ass net méi automatesch Member vun der Schoulkommissioun ginn,
- de Paschtouer (oder säi Vertrieder) war net méi zoustänneg fir d’Surveillance vum Enseignement.
D’Chamber huet dëst Gesetz mat 34 Stëmmen derfir, 17 dergéint an 1 Enthalung ugeholl.
Den 10. Juli 1912 huet de Generaldirekter (deemools den Titel vum Minister) Pierre Braun der Groussherzogin Marie-Adelheid dëst neit Gesetz virgeluet fir zënnerschreiwen. Si huet dat schliisslech den 10. August 1912 gemeet, obschon et eng Gewëssensfro fir si bedeit huet. Als déif kathoulesch Persoun ass et hir schwéiergefall fir e Gesetz ze sanktionnéieren, dat vun der kierchlecher Obregkeet als inacceptabel an onausféierbar bezeechent gi war.