Saint-Louis-lès-Bitche
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Saint-Louis-lès-Bitche (op däitsch: Münzthal) ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng a Loutrengen, am Departement Moselle. 1999 hunn do 634 Awunner (Ludovicien(ne)s op franséisch) gelieft.
D'Duerf läit am Parc naturel régional des Vosges du Nord, an ass virun allem bekannt fir seng Kristallsglasmanufaktur.
[Änneren] Géographie
D'Duerf läit op der Baach, déi och Saint-Louis-lès-Bitche heescht, an ass mat der Kristallsglas-Manufaktur an enger nei geschafener Lichtung opgebaut ginn.
1767, hunn zwéin Affekoten, de René-François Jolly an de Pierre-Étienne Ollivier, d'Autorisatioun vum Louis XV. kritt, eng al Galsbléiserei, déi et virdrun do gouf, nees opzeriichten. Se krut den Titel verrerie royale a gouf nom Louis IX. genannt. No an no sinn eng Kapell, Wunnenge fir d'Meeschtern an d'Aarbechter, Bauerenhäff, eng Millen, eng Schräinerei an eng Blechschléierei bäikomm.
[Änneren] Kuckeswäertes
- D' Kierch Saint-Louis-lès-Bitche, am rosae Sandsteen aus den Nord-Vogesen aus dem Joer 1897, mat de Sue vun der Famill Coëtlosquet, déi d'Direktioun vun der Manufaktur hat.
- D'Kristallsglasmanufaktur aus dem Joer 1586.
- D'Gebai wou d'Direktere vun der Manufaktur dra wunnen, aus dem 19. Joerhonnert.
- E puer bemierkenswäert Eechen.
- D'Mille vum Münzthal.