Roger Gerson
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Roger Gerson war e lëtzebuergesche Moler. Hien ass den 11. Juni 1913 zu Dikrech gebuer an de 17. Dezember 1966 an der Stad Lëtzebuerg gestuerwen.
No der Handwierkerschoul um Lampertsbierg, huet hien nach d' Ecole des Arts Décoratifs zu Stroossbuerg an d'Académie Royale des Beaux-Arts de Bruxelles besicht. Dann huet hien och nach Konscht zu Wien studéiert.
Vill vu senge Biller stelle Landschaften am Éislek duer.
De Roger Gerson war e fräischaffende Kënschtler. Hien hat vill Ausstellungen zu Lëtzebuerg an och am Ausland.
Kuerz virun enger Ausstellung zu Péiteng mat sengen neiste Wierker, ass de Roger Gerson un engem Häerzschlag a sengem Atelier an der Rue de la Porte-Neuve an der Stad Lëtzebuerg am Alter vun 53 Joer gestuerwen.
Senger Biller sinn an de Konschtsammlunge vun der Stad Lëtzebuerg a vun der Stad Dikrech ze fannen. Eng ganz Rei Biller vum Roger Gerson sinn a Privatkollektiounen.
[Änneren] Fir ze liesen
- Eischen, Linda; Roger Gerson; Artworks Collection; Éditions Schortgen; Esch-Uelzecht; 2006; ISBN 2-87953-019-9