Rheinesche Landesmusée (Tréier)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Rheinesche Landesmusée ass onëmstridden de gréissten a bekannste Musée vun der Stad Tréier. Mat senge Objeten aus virgeschichtlecher, réimescher a fréichrëschtlecher Zäit zielt de Musée zu de wichtegsten däitsche Muséeën, déi aus den éischte véier Joerhonnerten no Christus ënnerriichten.
De gréissten Deel vun de Bestänn staamt aus der réimescher Epoch an ass eenzegaarteg. Besonnesch bewonnerungswäert sinn den Original vum Neumagener Wäischëff, eng Kopie vun der Igeler Sail an de Goldschatz mat 2528 réimesche Goldmënzen, dee bei Bauaarbechten den 9. September 1993 vun engem Bagger ausgegruewe gouf.
De Moment gëtt an Zesummenaarbecht mat der Stad Tréier an dem Bistum Tréier un der grousser Konstantin-Ausstellung geschafft, déi am Juni 2007 am Kader vun der Europäescher Kulturhaaptstad Lëtzebuerg soll opgoen.