Remo Raffaelli
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Remo Raffaelli, gebuer de 7. Abrëll 1941 zu Brenden am Landkrees Waldshut a Baden-Würtemberg, ass e lëtzebuergesche Moler a Skulpteur mat italieneschen Originnen.
Als Kand vun 9 Joer huet seng Mam Alba (och selwer Molerin am Aquarell an Ueleg) hie geléiert Zeechnen, esou wéi seng zwee Bridder Nello an Mario, a suguer seng Schwester Rosita. All d'Gesëschter hunn e formidabelen Don fir ze Zeechnen an ze Molen. Vun 1958 bis 1959 huet de Remo Raffaelli Akademesch Coursen beim bekannte Moler Attilio Lupo gehat. Trotzdeem ass de Remo haaptsächlech en Autodidakt. 1953 huet en da mam Molen an 1980 mam Skulptéieren ugefaangen.
De Remo ass bestuet, huet zwee Kanner (Pascale a Patrick) a wunnt zu Téiteng.