Referendum vum 10. Juli 2005
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Referendum vum 10. Juli 2005.
[Änneren] Déi eenzeg Fro um Wahlziedel
Sidd Dir fir den Traité iwwert eng Konstitutioun fir Europa, ënnerschriwwen zu Roum, den 29. Oktober 2004?
Et konnt ee mat Jo oder mat Neen äntwerten.
[Änneren] Resultat vum Referendum
De Jo krut 56,52% vun de gëltege Stëmmen an den Neen 43,48%. D'Chamber kann domadder am zweeten Tour den Traité iwwert eng Constitutioun fir Europa ratifizéieren.
Vun den 220.717 ageschriwwene Wieler hunn der 199.609 hir Stëmmm ofginn, 11.201 dovunner per Bréifwahl. Am ganze waren 109.494 Wieler fir de Jo, 84.221 fir den Neen an 5.894 hunn en ongëltegen Ziedel ofginn.
Vun den 118 Gemengen vum Land hu sech der just 9 majoritär fir den Neen ausgeschwat, an zwar Esch-Sauer, Beefort a siwe Südgemengen. Dee gréisste Prozentsaz u Jo-Wieler hat Stroossen mat 68,31% an dee gréisste Prozentsaz un Nee-Wieler fënnt sech zu Esch-Sauer mat 58,16%.
[Änneren] Um Spaweck
[Änneren] Dokumenter
[Änneren] D'Siicht vun der Lëtzebuerger Regierung
[Änneren] Websäiten, déi géint den Traité sinn
[Änneren] Websäite mat kontroversen Diskussiounen
[Änneren] Websäite vu Lëtzebuerger Organisatiounen oder anere Gruppéirungen
- Dossier a Communiqué vun der UNEL (D'National Studentevereenegung vu Lëtzebuerg) zum Thema Verfassung
[Änneren] D'politesch Parteien an den Traité
- D'Siicht vun der CSV
- D'Siicht vun der LSAP
- D'Siicht vun der DP
- D'Siicht vum ADR
- D'Siicht vun Déi Lénk