Rad vu Falkirk
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D’ Rad vu Falkirk (op englesch : Falkirk Wheel) ass e Schëffslift deen an engem grousse Rad dréint. Dëse Lift verbënnt de Forth and Clyde Canal an de Union Canal.
De Lift ass no bei der Stad Falkirk am Zentrum vu Schottland an et ass e Meeschterwierk am Héichbau. Et ass ee vun den zwéin eenzege Schëffslifter a Groussbritannien, den zweeten ass de Schëffslift vun Anderton am Cheshire.
D’Rad vum Lift huet en Duerchmiesser vu 35 Meter an am Rad hänken zwéi Bace mat 600 Tonne Waasser dran. D’Längt vun de Bacen ass eppes iwwer 80 Meter. Fir en halwen Tur ze dréienen an sou d’Schëffer 25 Meter méi héich ze hiewen brauch d’Rad 4 Minutten.
D’Rad vu Falkirk gouf de 24. Mee 2002 a Presenz vun der englescher Kinnigin a Betrib geholl.
Fréier huet eng Serie vun 11 Schleisen déi zwéi Kanäl matenee verbonnen. An den 1930 er Joeren ginn se net méi befuer, vefalen a ginn zougetippt. Duerch Fongen déi aus der Nationallotterie koumen, konnt Millennium Commission ufänken d’Kanäl erëm a Stand ze setzen an en appel d’offres gouf lancéiert vir déi zwéi Kanäl mateneen ze verbanne, an de Projet vum grousse Rad gouf ugeholl.
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
Commons: Falkirk Wheel – Biller, Videoen oder Audiodateien |