Rëttgen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Rëttgen | |
---|---|
Land | Frankräich |
Gemeng | Rëttgen |
Regioun | Loutrengen |
Département | Moselle |
Arrondissement | Diddenuewen-Ost |
Kanton | Kettenuewen |
Code INSEE | 57600 |
Code postal | 57330 |
Buergermeeschter Mandat |
Willy Seiwert 2001 - |
Intercommunalitéit | Communautéit vun de Gemenge Kettenuewen an Ëmgéigend |
Koordinaten | 06° 10' 28" Ost 49° 27' 27" Nord |
Fläch | 1250 ha |
Awunner | 1056 (Dez. 2005) |
Bevëlkerungsdicht | 76 Awunner /km² |
Rëttgen, op Franséisch Roussy-le-Village, ass eng Uertschaft am Departement Moselle an der Regioun Loutrengen, an Haaptuert vun der Gemeng mat deemselwechte Numm.
Hier Awunner heeschen Rodossyens.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Nopeschuertschaften
- Basse Rentgen
- Boust
- Breistroff la Grande
- Buerg-Rëttgen
- Éiwreng
- Grouss-Hetteng
- Hoen (Roussy)
- Kanfen
- Ruedemaacher
- Wuelmereng
- Zoufftgen
[Änneren] D'Gemeng
D'Gemeng besteet aus den Uertschaften Dodenom, Rëttgen a Buerg-Rëttgen
[Änneren] Geographie
Am Relief vun der Gemeng gëtt et keng grouss Ënnerscheeder. Säin héichste Punkt läit op 256 m i. NN an deen déifsten op 190 m. Et lafen zwou Baache duerch d'Gemeng, den Altbach (och Boler genannt) a seng Niewebaach de Rhein.
[Änneren] Verkéier
Rëttgen läit op der Nationale 53 a 7 km vun der Autobunn A 31, ongeféier op der Halschent vun der Streck tëschent Lëtzebuerg an Diddenuewen.
[Änneren] Geschichtleches a Kuckeswäertes
- E Kiem dee vu Lyon op Tréier gaang ass
- D'Mëttelalterlech Buergen:
- D'Buerg vu Roussy-Comté aus dem 10.-11. Jorhonnert
- D'Buerg vu Custine aus den 13. Jorhonnert. Si sinn allebéid a Privatbesëtz.
- D'Kapell Saint Fiacre vun Dodenom vu 1752.
- D'Kapell Sainte Croix vu Buerg-Rëttgen aus dem 15.-16. Jorhonnert. An der Kapell hänkt ee grousse Christus um Kräiz.
- D'Kierch Saint Denis zu Rëttgen ass vun 1955. Si steet op der Plaz vun deeër aler Kierch déi am Zweete Weltkrich komplett duerch Artilleribeschoss zerstéiert gi war.
- D'Gemengeverwaltung an deem ale Paschtoueschhaus, wat 1999 komplett restauréiert gouf.
- Laanscht d'Strooss d'Kilometersteng vun der Befreiung 1945.
- 15 Kräizweeskulpturen déi an Zoukonft duerch e Sentier pédestre matenee verbonn ginn.
- De Gamin, ee Bam- a Blummepäerd dat mat semgem Teimer duerch d'Gemeng spadséiere geet.
- Eng Sammlung vun ale restauréierte landwirtschafleche Maschinnen déi an der Gemeng op verschiddene Plaze stinn.