Pornographie
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Pornographie (v. gr.: πορνογραφία, zesummegesat aus πόρνη (pórne) - "Prostituéiert" a γραφειν (graphein) - "schreiwen, zeechnen") ass déi explizit Duerstellung vum plakege mënschleche Kierper oder sexuellen Aktivitéite mam But de Konsument sexuell ze erregen. Dëst kann op ganz verschidden Aart a Weise geschéien, wéi Loschtgekëmms, geschwatenen oder geschriwwenen Text, Skulpturen, Zeechnungen, Liveoptrëtter, Fotoen oder Filmer.
D'Pornographie ënnerscheet sech vun der Erotik doduerch, datt se net versicht eppes ze cachéieren an esou d'Fantasie unzeregen, mee einfach op de renge Sexualdriff ofziilt. Wéi explizit eng Duerstellung muss si fir an d'Kategorie vum pornographeschen ze fale hänkt awer vun de Moralvirstellunge vum Betruechter of, fir vill Mohammedaner geet schonn eng Fra ouni Burka duer, fir FKK-Adepten ass et héchstens de sexuellen Akt selwer.
An deene meeschte Länner ass d'Verëffentlechung vu pornographesche Wierker streng reglementéiert a riicht sech dacks no Kritere wéi engem Mindestalter, der Lokalisatioun an der Acessibilitéit vun de Lieuen, dem Seuil wat duergestallt ka ginn.