PI-Men
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'PI-Men, "Patriotes Indépendants" , eng vun de bekannteste Resistenzlergruppen, gouf am Oktober 1941 zu Déifferdeng gegrënnt a war besonnesch aktiv während dem Zweete Weltkrich am Süde vum Lëtzebuerger Land. Dës Grupp wor spéider och Member an der Unio'n.
Haaptaktivitéite waren ënnert anerem den Opbau vu Fluchtweeër fir politesch Flüchtlingen, Wehrdienstverweigerer an entkomme Krichsgefaangener a Frankräich an d'Verdeele vu patriotesche Fluchziedelen.
Eng vun hiren hautdesdaags bekannteste Stoppe war d'Opfankzentrum fir Flüchtlingen am franséische Clermont-Ferrand. Iwwer belsch a franséisch Widderstandsnetzer huet d'PI-Men Noriichten bis op London iwwerbrénge kënnen.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Literatur
- Hoffmann, Serge: Le mouvement de résistance LVL au Luxembourg, Archives nationales, 2004, 158 S.
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
- Emile Maar, Lëtzebuerger Resistenzler
- Zweete Weltkrich, Allgemenges zum Thema
- Resistenz, Lëscht vun de Lëtzebuerger Widerstandszellen