Peter Johannes Brandl
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Peter Johannes Brandl oder och Jan Petr Brandl gebuer de 24. Oktober 1668 zu Prag a gestuerwen de 24. September 1739 zu Kuttenberg ass en däitsch-béimesche Moler aus dem Spéitbarock.
De Brandl war gebierteg aus dem Sudeteland am Kinnekräich Béimen an deem d’Elite vun den Awunner Däitscher waren. Hien huet seng Léier tëscht 1683 a 1688 beim Kristián Schröder (1655–1702) gemaach.
De Brandl benotzt a senge Biller eng stark accentuéiert Helldäischter-Molerei mat décke Farfcouchen an dramatesche Compositiounen am barocke Stil.
An der Nationalgalerie zu Prag (Národní galerie v Praze) ass him e ganze Sall reservéiert ginn wou ënnert anerem eng Apostelbüst vun him 1725 ausgestallt ass.
De Peter Johannes Brandl ass wäitleefech Famill mat den zwéin zäitgenëssesche Moler, dem Éisträicher Herbert Brandl an dem Schwäizer Mark Staff Brandl.
[Änneren] Um Spaweck
Commons: Peter Johann Brandl – Biller, Videoen oder Audiodateien |