Padrao dos Descobrimentos
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Padrao dos Descobrimentos ass d'Monument vun den Entdeckungen a läit an der Géigend vu Belém, um Ufer vum Tejo zu Lissabon.
D'Plattform, vun der een eng schéin Aussicht op den Tejo huet, läit op 52 m Héicht. Mat engem Lift kann ee bis erop furen. Et ass ausserdem di eenzeg Plaz vu wou aus een de Marmermosaik vun enger Wandrous mat der Weltkaart ka gesinn, déi op der Plaz vun der gudder Hoffnung, der Terreiro da Boa Esperança läit.
Op der Säit vum Monument gesäit een déi 9 m héich Figuren, déi den Heinrich de Séifuerer an di aner wichteg portugisesch Perséinlechkeeten aus dem Zäitalter vun den Entdeckungen duerstellen.
1960 war d'Aweiung zum 500. Doudesdag vum Heinrich dem Séifuerer.
Commons: Padrão dos Descobrimentos – Biller, Videoen oder Audiodateien |