Pabeierindustrie
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Pabeierindustrie ass eng vun de ganz ale Mëttel-Industrien zu Lëtzebuerg. Deemools ass d'Waasserkraaft nach benotzt ginn, fir déi noutwendeg Energie ze produzéieren. Dat erkläert och, firwat an däer Zäit vu Pabeiermillen Rieds gaang ass. Mir wëssen, datt de Guillaume La Payrade schonns 1721 d'Erlaabnes kritt huet, fir zu Senneng Pabeier ze produzéieren. 1824 huet de Jacques Lamort, Editeur a Libraire zu Lëtzebuerg, déi Sennenger Pabeierfabriken am Schlass iwerholl. 1828 gouf dunn och nach vun him eng Tapéitefabrik a Clausen opgemaach.
Am Joer 1837 huet de Jacques Lamort sech zu Manternach akaaft an do um Site Les Rochers eng Pabeierfabrik opgemaach, déi vu sengem Fils Sigisbert virugeféiert ginn ass. Zu Senneng goufen Tapéite fabrizéiert.
D'Pabeierfabrik vu Fëschbech an d'Kartongsfabrik vu Wolz sollten nach vollstännegkeetshalber ernimmt ginn. D'Pabeierindustrie konnt leider net opriicht erhale ginn. 1882 huet d'Senninger Fabrik opgehal, Pabeier ze produzéieren, an d'Manternacher Fabrik huet sech recht a schlecht bis nom Éischte Weltkrich duerchgeschloen.