Noutem (Stauséigemeng)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
||||
---|---|---|---|---|
An anere Sproochen | fr.: Nothum de: Nothum |
|||
Gemeng | Lac de la Haute-Sûre | |||
Buergermeeschter | René Michels | |||
Kanton | Wolz | |||
Awunner | 164 | |||
Fläch | ha | |||
Uertschaften - Gemengen - Stied |
Noutem ass eng Uertschaft an der Stauséigemeng.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Geographie
Noutem läit 5 km vu Wolz ewech. Fir op Noutem ze fueren hëlt een am beschten d'Haaptstrooss déi vun Ettelbréck erop a Richtung Baaschtnech geet. Um Schumanns Eck fiert een dann einfach no lénks op Noutem.
D'Bild vum Duerf Noutem gëtt vum Waassertuerm dominéiert, deen op der Knupp steet. Den Duerfkär läit dogéint an enger Kaul ronderëm d'Kierch. Vill Haiser leien och verdeelt op den Hiwwelen déi den Duerfkäer ëmginn.
[Änneren] Geschicht
Am 17. an 18. Joerhonnert huet Noutem dem Seigneur vu Wolz gehéiert a war der Poar Kaunduerf zougedeelt. An deser Zäit goufen et zu Nouthem nëmmen tëscht 6 an 12 Haiser. Vun 1802 un huet d'Duerf du zur Poar Bärel gehéiert. Bis 1979 war Noutem an der Gemeng Mecher, mee nodeems d'Gemenge Mecher an Harel füsionnéiert hunn, ass dëst d'Stauséigemeng ginn.
Schonns 1580 gouf d'Veréierung zu Noutem vun den Hellegen Albin an Celse an historeschen Dokumenter ernimmt. 1680 huet de Jean-Antoine Blavier, de "coadjuteur" vu Léck, déi Noutemer Kierch dësen zwee Hellege gewidmet. Leider war di Nouthemer Kierch no de Kricher aus der Zäit vum Napoléon ganz vill zerstéiert. Si gouf dowéinst 1843 frësch opgebaut. Den Altoer aus dem Joer 1707 an zwou Statue vun den Hellegen Albin an Celse dekoréiren haut déi Noutemer Kierch.
1857 hunn d'Noutemer Leit decidéiert eng Schoul an hirem Duerf opzeriichten. 22 Familljen hunn deemools zu Noutem gewunnt. 5 Joer méi spéit stung d'Schoul dann och fäerdeg do. Wéinst engem Mangel u Schüler (nach 5 am ganzen) gouf dës Schoul 1970 awer erëm zougemaach. Haut as dëst Gebai een normaalt Wunnhaus.
De Schumanns Eck as eng, fir Éisleker Verhältnisser, grouss Kräizung, op deer sech nieft dem Café-Restaurant Schumann och nach ee Monument fënnt, dat an Erënnerung un d'Affer aus dem Zweete Weltkrich opgeriicht gouf.