Nicolas Adames
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Nicolas Adames (*29. Dezember 1813 zu Ëlwen; †13. Februar 1887) war den éischte Bëschof vu Lëtzebuerg.
De 25. August 1839 gëtt de Nicolas Adames zum Priester geweit.
De 27. März 1863 gëtt hien zum Titulärbëschof vun Halicarnassus an zum apostolesche Vikar vu Lëtzebuerg ernannt.
Am Dezember 1869 hëlt hien, als ee vu 744, um éischte Vatikanesche Konzil zu Roum deel.
Den 27. Juni 1870 gëtt d'Apostolescht Vikariat Lëtzebuerg zum Bistum erhuewen an esou gëtt de Nicolas Adames zum Bëschof vu Lëtzebuerg ernannt. Seng offiziell Inthronisatioun war de 25. Dezember. D'Kierch Notre-Dame gëtt Bëschofssëtz (also Kathedral).
Hie stierft den 13. Februar 1887. Hie gëtt aus politesche Grënn an der Glacis-Kapell bäigesaat.
Säin Nofollger gouf de Jean Joseph Koppes.
Bild feelt | Nofolger |
---|---|
Lëscht vun de Bëscheef | Jean Joseph Koppes |