New Orleans
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
New Orleans, Louisiana | |
---|---|
D'Stad gët och bezeechent: "The Crescent City", "The Big Easy", "The City That Care Forgot" | |
Land | USA |
Staat: | Louisiana |
Gemeng: | Orleans Parish, Louisiana |
Koordinaten: | 29°57′53″ N, 90°4′14″ W |
Fläch: | 350,20 km² |
Awunner: | 484.674 (2000) |
Bevëlkerungsdicht: | 534,4 / km² |
Héicht: | 3,3 m i. NN |
Buergermeeschter: | C. Ray Nagin (D) |
New Orleans ass eng Stad an de Vereenegte Staate vun Amerika am Bundesstaat Louisiana.
[Änneren] Geographie an Demographie
New Orleans läit um Mississippi am Bundesstaat Louisiana. Si ass déi gréisste Stad an dësem Bundesstaat. New Orleans ass en industriellen Zentrum, e wichtegen Mierhafen an übt op d'Touristen eng grouss Unzéiungskraft aus, well do spillt sech en intensivt kulturellt Liewen of, dominéiert vun der Jazzmusek an engem gudde Kascht (mat vill Crevetten). Den Epizentrum ass de Mississippi, iwwert dee vill Croisièresschëffer ukommen, an op dem, flossopwärts, folkloristesch Dampschëffer (Riverboats) mat Passagéier a grousser Stëmmung zirkuléieren.
[Änneren] Geschicht
[Änneren] Kolonialzäit
D'Stad gouf gegrënnt 1718 vu de Franzousen ënnert der Directioun vum Jean Baptiste Le Moyne, Sieur de Bienville. D'Stad gouf genannt zu Eieren vum Regent Philippe, duc d'Orléans a gouf 1722 d'Haapstad vum franséischen Louisiana Virdrun war ët Biloxi).
Am Joer 1763 ass d'Kolonie op Grond vun engem Geheimofkommen un d'Spuenier ofgetratt ginn, wat den deemolegen Awunner, déi léiwer vu Frankräich ofgehang hätten, stark missfall huet. Den 21. Mäerz 1788 goufen 856 Heiser duerch e grousst Feier zerstéiert, an zousätzlech 212 Heiser duerch e Feier am Dezember 1794.
Grouss Epidemien huet et och zu New Orleans ginn, duerch d'Ausbrëch vum giele Féiwer, Malaria an Pouken. Eréicht no 1905 konnten all dës Krankheeten agedämmt ginn.
Am Joer 1795 huet Spuenien d'Vereenegt Staaten autoriséiert, den Hafen ze benotzen. D'Stad koum dunn 1803 erëm ënnert franséisch Kontroll. Mee den Napoléon Bonaparte huet Louisiana fir 80 Mio. Frang un d'Vereenegt Staate verkaaft. Deemools hu nach nëmmen 8.000 Leit zu New Orleans gewunnt.
[Änneren] 19. an 20. Jorhonnert
New Orleans ass du stark gewuess, besonnesch op Grond vun der Immigratioun vu Kreolen aus Haïti. Am Joer 1812 hunn d'Englänner probéiert, fir d'Stad anzehuelen, mä d'Truppen vum André Jackson goufe Meeschter an der Schluecht vum 8. Januar 1815 nobäi Chalmette (Schluecht vu New Orleans). D'Bevëlkerung huet sech 1830 verduebelt an huet 1840 e Total vu 100.000 Awunner erreecht. Dës Stad ass domat déi 4. gréisste Stad an den USA ginn. Bis 1849 war New Orleans d'Haaptstad vu Louisiana an erëm vu 1865 bis 1880 bliwwen. Duerno gouf Bâton-Rouge Haaptstad vu Louisiana. 'Geschicht vu der Delphine LaLeurie, eng begiddert Sozialistin, déi d'Sklaven maltraitéiert huet, huet deemools vill béist Blutt a Spektakel gemeet. Am Ufank vum Sezessiounskrich gouf New Orleans ouni Widderstand vu den Unionisten (Nordisten) ageholl a blouf domat verschount, am Géigensatz zou de meeschten Stied am Süden vun den USA. D'Weltaustellung ass 1884 zu New Orleans ofgehale ginn. Schonns am Ufank vum 21. Jorhonnert huet d'Lag vu New Orleans, dat ënnert dem Mierespigel läit, den Autoritéiten grouss Suerge gemaach. Däiche si du gebaut ginn an d'Konstruktiounen hu sëch weesentlech op déi erhéicht Site konzentréiert. De Rescht vum Terrain war staark suppeg. Dës Feststellung kann haut nach jidderee maachen, dee vum Mier aus vun der Mississipimündung op New Orleans zou fiert.
[Änneren] Eng Stad mat engem besonnesche Cachet
[Änneren] Bevëlkerung
D'Stad selwer huet 484.674 Awunner. Wann een d'Aussebezierker matrechent, kënnt een awer op en Total vun 1.337.726 Leit. An der Stad hu virun der Katastroph duerch den Hurricane Katrina 28,05 % Wäisser, 67,25 % Afro-Amerikaner, 0,20 % sougenannt Native Americans, 2,26 % Asiaten an 3,06 % Hispano-Amerikaner geliewt. An den Aussebezierker wunne vill Schwaarzer a Mischlingen (Creolen). New Orleans, dat vun den amerikaneschen Groussstied dën hëchsten Undeel vu Afro-Amerikaner ausweist, ass eng vu den Aermsten an den USA. Kukkt déi däitsch Wikipediasäit iwwert den Hurricane Katrina,
[Änneren] Leit a Sprooch
Och wann New Orleans am Joer 1718, während der Kolonialzäit, vu Franzousen gegrënnt gouf, gëtt haut zu New Orleans kaum nach franséisch geschwat. D'Franséischt ass nëmme méi eng Etikett fir Touristen. Et ass lo eng amerikanesch Stad mat engem besonnesche Charme ginn. Hei fënnt een eng waarm, häerzeg Athmosphär, déi et soss an Amerika net gëtt. Stroossemusikanten an aner Artiste begéint een op Schratt an Tratt. D'Fuesend vu New Orleans ass gutt bekannt an zitt all Joer, besonnesch um Fuesdënsdeg, (dëm Mardi Gras), vill Touristen un. Dat gëllt och fir d'Fest vum Jazz dat all Joer vun Enn Abrëll bis Ufank Mee ofgehal gëtt. D'Bourbonstreet ass eng Strooss zu New Orleans, déi e legendären Numm huet.
[Änneren] Kuckeswäertes
Ganz bekannt ass de French Quarter, Hie gëtt och le Vieux Carré genannt, staamt aus der franséischer a spuenescher Zäit a stéisst op de Mississippi, d' "Rempart Street", d' "Canal Street" an d' "Esplanade Avenue" . D'Trammen gehéieren och zum mageschen Unzéiungspunkt vu New Orleans. Berühmt ass d'Ligne St. Charles (greng Voituren), déi New Orleans mat dem Faubourg Carrolton verbënnt. Se besteet zënter 1893. Op der Streck duerch d'St. Charles Avenue kann en am Staddeel Garden District déi vill herrschaftlëch Villaen aus dem 19. Joerhonnert bewonneren. Hei ginn ët och zwou privat Universitéiten, d'Tulane- an d'Loyola Universitéit. Eng aner Streck ass d'"Riverfront"-Ligne. Zënter 2004 gët och d'Ligne Canal Street rëm befuer. Hei kënnt een laanscht de "City Park" matt dem "New Orleans Museum of Arts" .
Well New Orleans sou déif läit, a fir der Gefor vu Seuchen virzebeugen gëtt et hei keng gewéinlech Kierfëchten. Zënter 1830 ginn déi Doudëg a Mausoléiën begruewen. Dës "city of the dead" ass iwregens eng Touristenattraktioun. D'Stad huet nämlech een eegene Style fir d'Begriefnësser entwëckelt (Jazz-Furneral). Vun enger Marching Band gët den Doudegen an d'Jeensäitz begleet.
Eng vu de gréissten Attractiounen ass iwer eng Faart mat engem Mississippi-Riverboat, e Dampschëff, dat vun engem Paddelrad, (am hënneschten Deel vum Schëff), ugedrief gët.
[Änneren] Iessen a Drénken
D'Stad ass och fir d'gudd Iessen bekannt. D'Gamme vu de Spezialitéiten ass grouss an geet vum Po’boy (kënnt vu poor boy) an Muffaletta Sandwichen bis zu Golf-Austern an aneren Fësch oder Crustacéën. Ët ginn och vill kreoulësch Platen, wéi Etoufee, Jambalaya an Gumbo. D'Spezialitéit vum Méindeg-Owend besteet aus roude Bounen mat Räis. (De Louis Armstrong huet seng Bréiwer dacks mat red beans and ricely yours ënnerschriwwen).
[Änneren] Kultur a Musek
New Orleans ass d'Stad vun der Musek, d'Stad vum Jazz. Kukkt och de Beitrag aus der franséischer Wikipedia iwwert de Jazz New Orleans, deen de Louis Armstrong am Ufank vum 20. Joerhonnert matt initiéiert huet.
De Louis Armstrong war ee vun de bedeitenste Bierger vu New Orleans, eng Stad wou vill amerikanesch Musiker, Artisten, Schrëftsteller an aner bedeitend Leit doheem waren, wéi:
- Phil Anselmo, US-amerikaneschen Museker
- Louis Armstrong, US-amerikaneschen Jazztrompettist a Sänger
- Pierre Gustave Toutant Beauregard, Generol vu de Konföderéierten Staaten vun Amerika
- Barney Bigard, US-amerikanischen Klarinettist
- Buddy Bolden, Trompettist zu New Orleans
- Connee Boswell, US-amerikanesch Blues- a Jazz-Sängerin an Schauspielerin
- Poppy Z. Brite, US-amerikanesch Schrëftstellerin
- Roy Brown, US-amerikanischen Blues-Musiker
- George Washington Cable, US-amerikanischen Schrëftsteller
- Truman Capote, US-amerikaneschen Schrëftsteller
- Edward Clark, US-amerikaneschen Politiker an 8. Gouverneur vu Texas
- Patricia Clarkson, US-amerikanesch Schauspielerin
- James Lawton Collins, US-amerikanischen 2-Stäere-General
- J. Lawton Collins, US-amerikanischen 4-Stäere-Generol; Korpskommandeur am 2. Weltkrich
- Harry Connick, US-amerikanesche Sänger, Pianist an Schauspieler
- Ellen DeGeneres, US-amerikanesch Schauspielerin, Moderatorin an Komikerin
- Johnny Dodds, Jazz-Klarinettist
- Fats Domino, Bluesmusiker
- Dr. John, Rock'n'Roll-, Blues- a Jazz-Musiker an Musekproduzent
- Clyde Drexler, US-amerikanesche Basketballspiller
- Champion Jack Dupree, Blues-Sänger an -Pianist
- Daniel F. Galouye, US-amerikanesche Journalist an Science Fiction-Schrëftsteller
- Louis Moreau Gottschalk, US-amerikanesche Pianist an Komponist
- Jon Heidenreich, Wrestler
- Lillian Hellman, US-amerikanesch Schrëftstellerin
- George Herriman, US-amerikanesche Comiczeechner an Karikaturist
- Linda Hopkins, US-amerikanesch Blues- a Gospel-Sängerin
- Mahalia Jackson, US-amerikanesch Gospelsängerin
- Papa Charlie Jackson, US-amerikanesche Blues-Musiker
- Marie Laveau, Voodoo-Queen
- Elmore Leonard, US-amerikanesche Krimi-Schrëftsteller
- Eli Manning, US-amerikanesche Footballspiller
- Peyton Manning, US-amerikanesche Footballspiller
- Wynton Marsalis, ee vu de bedeitendsten Trompettisten aus eiser Zeit
- Paul Morphy, USA| amerikanesche Schachspiller
- Mystikal, US-amerikanesche Rap-Museker
- Ray Nagin, Buergermeeschter vu New Orleans
- Randy Newman, US-amerikanesche Sänger, Songschreiwer, Pianist a Komponist
- Lee Harvey Oswald, beschëllegt, de Mäerder vum deemolegen US-Präsident John F. Kennedy ze sinn
- Greg Poss, US-amerikanesche Eishockeytrainer
- Godfrey Reggio, US-Regisseur,
- Anne Rice, US-amerikanesch Schrëftstellerin
- Ken Thompson, Informatiker
- John Kennedy Toole, amerikanesche Schrëftsteller
- Allen Toussaint, US-amerikanesche Museker
- Ray Walston, US-amerikanesche Schauspieler
- Andrew Young, US-amerikanesche Biergerrechtler
[Änneren] Economie a Verkéier
[Änneren] Industrie
Och wann hir Wirtschaftsaktivitéiten net méi déiselwecht Bedeitung behal hu wéi fréier, bleift dach New Orleans eng wichteg Industrie- an Handelsstadt.
Wéi Houston läit New Orleans nämlech an der Noperschaft vum Golf vu Mexiko wou d'Buerplattforme stinn a wou no Ueleg gebuert gëtt. Eng grouss Zuel vun Energieproduzenten, wéi BP, Chevron, ConocoPhillips an Royal Dutch Shell hunn duerfir e regionale Gesellschaftssëtz zu New Orleans.
[Änneren] Verkéiersverbindungen
D'Stad profitéiert vum Louis Armstrong New Orleans International Airport, dee 15 km westlëch vun der Stad läit. 300 Non stop Flich pro Dag starten vun do no allméiglech Destinatiounen an den USA, Kanada, Latäinamerikaan d'Karibik. Eng Rei vu Charterflich verbannen den Airport och mat Europa. Et gëtt och nach zu New Orleans verschidden reegional Airporten. An der Zentralgare ginn et folgend Zich: De Crescent vu an no New York City, de City of New Orleans vun a no Chicago, Illinois, an de Sunset Limited vun Orlando no Los Angeles.
New Orleans huet e grousse Miereshafen, ee vun de meescht beschäftegte vu den USA, wann net vun der Welt. An der Mëtt vum 20. Jorhonnert hu Spezialunitéite vun der USA-Arméi e Kanal gebaut, deen de Golf mam Mississippi verbënnt an d'Banneschëfffaart méiglech mécht.
[Änneren] Naturkatastrophen
Well d'Stad ënnert dem Mieresspigel läit, a well d'Stierm (Hurricane) an där Regioun äusserst hefteg sinn, ass New Orleans ëmmer erëm groussen Naturkatastrophen ausgesaat. Den Hurricane Katrina huet de 29. August 2005 immens vill Affer kascht a grouss Schied hannerlooss.