Matthew Perry
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Matthew Langford Perry (* 19. August 1969) ass en US-amerikane Schauspiller dee virun allem duerch seng Roll als Chandler Muriel Bing an der Televisiounsserie Friends bekannt ginn ass.
[Änneren] Säi Liewen
Den 19. August 1969 ass de Matthew Perry zu Williamstown, USA op d'Welt komm. Grouss gin ass en zu Ottawa, Ontario, wo en als Junior-Tennisspiller erfollegräich war. Mat 15 Joer ass e bei säi Papp op Los Angeles geplënnert an huet ugefaangen, sech fir d'Schauspillerei ze interesséieren. Nieft den Opféierungen an der Schoul, un deenen hien deelgeholl huet, huet en trotzdem weider Tennis gespillt. Esou gouf hie 17. an der nationaler Ranglescht am Eenzel an souguer 3. am Double.
Eigentlech hat hie wëlles, op d'Uni a Kalifornien ze goen, allerdéngs krut en eng Roll an der Serie Second Chance ugebueden, an ass kuerzerhand op der Plaz bliwwen an huet sech ganz der Schauspillerei gewidmet.
Zur Zäit wunnt den Matthew Perry zu Los Angeles a spillt an senger Fräizäit gären Äishockey.
[Änneren] Filmographie
- The Beginning Of The Wisdom (2004)
- The Whole Ten Yards (2004)
- Serving Sara (2002)
- The Kid (2000)
- The Whole Nine Yards (2000)
- Three To Tango (1999)
- Almost Heroes (1998)
- Fools Rush In (1997)
- Getting in (1994)
- Friends (1994-2004)
- Paralell Lives (1994)
- Deadly Relations (1993)
- Home Free (1993)
- Call Me Anna (1990)
- Sydney (1990)
- She's Out Of Control (1989)
- A Night In The Life Of Jimmy Reardon (1988)
- Dance 'Til Dawn (1987)
- Second Chance (1987)