User talk:Marc
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
[Änneren] Wëllkomm
Wëllkomm bei der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Wanns de ganz nei bei Wikipedia bass, kanns de dir als éischt eis Hëllef-Säit ukucke goen, do fënns de alles wat s de als neie Wikipedianer wësse muss.
Du kanns natierlech och bis an de FAQ kucke goen, wou déi heefegst gestallte Froen opgelëscht sinn.
Fir deng Messagen ze signéieren, muss de 3 mol den Tilde (~) schreiwen, bei 4 mol kënnt och nach d'Auerzäit an den Datum dobäistoen.
Vill Spaass an op eng gutt Zesummenaarbecht.
--Zinneke 13:20, 28 November 2006 (UTC)
Gudde Mëtteg. Ier s Du lo nees eng Kéier eng "Verbesserung" méchst, déi falsch ass, kuck Dir w.e.g d'Eifeler Regel mol un. --Tomateus 15:58, 28 November 2006 (UTC)
Gudden Owend: Ass bekannt wou de Marc Romersa déi 2.15 m gesprong ass a wéini Les Meloures 21:46, 29 November 2006 (UTC)
Hallo. Wann ech enner Sichen z.B. Pit oder Romersa agin, kann ech dem Pit seng Sait net fannen!? Lait daat un der Indexatioun ? oder muss ech do als Auteur eppes Spezielles machen ? Am Viraus Merci fir är Äntwert. Marc 13:44, 5 Dezember 2006 (UTC)
[Änneren] Biller
Pass w.e.g . op deng Biller hu keng Lizenz. Dat kéint emol mat sech brengen datt se Gefor lafe fir geläscht ze ginn Les Meloures 13:36, 30 November 2006 (UTC)
Nowend: ok .. checken daat mat der Lizenz fir d'Biller.
Wanns de net eens gësst de so Bescheed Les Meloures 16:22, 30 November 2006 (UTC)
Hun den Numm vum Fotograf dobai gesaat. Den Aarmen ass awer leider schon doud. Marc
Kann et sinn dat déi Photo vum Jochen Herling ass an dat deen nach liewt?Fliedermaus 17:40, 30 November 2006 (UTC)
oooops jo .. ech haat héieren hien wir gestuewen ! sorry :o( Marc 07:33, 1 Dezember 2006 (UTC)
- Sorry, dat kléngt zwar e bësse radikal, mee: Souguer wann en dout wier (ouni wëlle makaber ze sinn) verfällt d'Copyright eréischt 70 Joer dono (dat steet esou am Gesetz). Déi Foto dierf also net ënnert GNU-Lizenz dohinner, et sief mat ausdrécklecher Geneemegeung, vun hirem Auteur (oder sengen Ayant-droits), déi dat erlabe géif. --Zinneke 08:58, 1 Dezember 2006 (UTC)
[Änneren] Verschiddenes
Bräicht är Hëllef ... well bei mir op der Arbecht och den Wiki installéieren .. kenn dir mir soen wéi ech kann Templates am Wiki definéieren oder wou ech kann weider Infoen doriwer fannen. Am Viraus Merci Marc 07:45, 1 Dezember 2006 (UTC)
Gudde Moien,
Deng Fro fällt mer elo eréischt op, dofir awer direkt en Géigefro: Water Templates mengst de.
Déi zweet Saach ass datt Wiki op der Aarbecht ganz geféierlech ka ginn. Du weess jo secher datt Patronen zu jidderzäit am Sytem kënnen nokucken wee wat gemaach huet. Dofir fir der Ierger ze spueren looss leiwer d'Fangere vun der Wiki op der Aarbecht. Les Meloures 12:56, 15 Dezember 2006 (UTC)
-
-
- Bei denge Biller vum Jos Romersa musst du eng Quell uginn an eng Lizenz soss lafen se Gefor fir geläscht ze ginn Les Meloures 12:59, 15 Dezember 2006 (UTC)
-
Merci mee ech kréien do kee Problem op der Arbecht an hun den Template Problem och geléist ;o) fir d'Biller hun ech leider keng Quell .. ass jo och schon e bessi méi laang hier ;o) eng Foto ass vun engem Familjenmember gemeet (weess awer net genau wien!), déi Aaner hun ech iwerhaapt keng Ahnung. Main gréissten Problem am Moment ... Wann ech enner Sichen z.B. Romersa agin, kann ech dem Pit, Jos oder Marc seng Sait net fannen!? Lait daat un der Indexatioun ? oder muss ech do als Auteur eppes Spezielles machen ? Am Viraus Merci fir déng Äntwert. Marc 15:35, 15 Dezember 2006 (UTC)
- Déi Sach mat der Sich ass eng ganz Komesch. Ech hu probéiert mat Romersa aginn a fannen dann och nëmmen d'Lëscht vun den Olympioniken. Dat ass awer net bei alles esou an et huet och neischt dermat ze dinn datts du den Artikel geschriwwen hues. Ech kréien se och net op. Du muss schon dann de ganze Numm aginn sou wéi den Artikel genee heescht. Dat kann dru leien datt d'Artikelen nach net laang genuch dra sinn. Les Meloures 16:12, 15 Dezember 2006 (UTC)