Marie Marguerite d'Youville
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Marie Marguerite d'Youville Marie Marguerite Dufrost de Lajemmerais 15. Oktober 1701 – 23. Dezember 1771 |
||||||||
Detailer | ||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|
|
D'Marie Marguerite d'Youville, gebueren Dufrost de Lajemmerais, war eng Uerdensgrënnerin a Mystikerin déi den 15. Oktober 1701 zu Varennes am Kanada gebuer gouf. Si war déi éischt a Kanada gebueren déi helleg gesprach ginn ass.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Liewen
[Änneren] Kandheet
D'Marguerite war d'éischt Kand vum Christophe Dufrost de Lajemmerais, engem bretoneschen Adelegen an Offizéier, deen zënter 1687 a Neifrankräich (haut Kanada) gelieft huet, an der Marie-Renée Gaultier de Varennes. Si hat nach 2 Schwësteren an 3 Bridder. Mat 7 Joer huet si hiere Papp verluer an d'Famill ass dunn an den Aarmutt gefall. Hire Papp hat fir den Ënnerhalt vu senger Famill näischt ausser senger moerer Offizéierspei an dat ass grad duergaang fir net ze Verhongeren. No sengem Doud hunn si misse biedele goen fir z'iwwerliewen. Sechs Joer sollt et daueren bis dem Marguerite seng Mamm endlech eng kleng Rent bewëllegt kritt huet fir hir Kanner grouss ze zéien. Duerch den Afloss vum Pierre Boucher, hirem Urgrousspapp konnt d'Marguerite 2 Joer an d'Schoul bei d'Ursulinen an de Québec goen. Hir Léierinnen hu festgestallt datt si selbstbewosst a räif vu Charakter war. Zréck doheem huet si hirer Mamm am Haushalt gehollef a mat der Erzéiung vun hire Bridder a Schwësteren.
[Änneren] Bestiednis
Zu Valennes ass si mat engem noble jonke Mann verlobt ginn an huet enger villverspriechender Zukunft entgéint gekuckt. Mee, wéi hir Mamm sech nees bestued huet mat engem ireschen Doktor, deen d'Gesellschaft vu Varennes net akzeptéiert huet als Auslänner mat zweifelhaftem Ruff, as hir Verlobung an d'Brech gaang.
Zu Montréal, wou si mat hirer Famill higeplënnert ass, huet si de François d'Youville kennegeléiert an ass den 12. August 1722 mat him bestuet ginn. Hie war e Kavaléier an Aventurier, deen zwar gutt ausgesinn huet, mee och en zweifelhafte Ruff hat, Jong vun engem Pelz- an Alkoholhändler. An e puer wéinege Joer huet hien et fäerdeg bruecht säi ganzt Verméigen ze verléieren. D'Marguerite huet relativ séier erkannt datt si hirem Mann gläichgülteg war an huet drënner gelidden datt hien esou dacks net do war an en Alkoholhandel mat den Indianer lafen hat. Och mat hirer Schwéiermamm, déi mat hinnen ënnert engem Daach gelieft huet an déi zimlech dominant a gäizeg soll gewiescht sinn, huet si sech net gutt verdroen. Si huet 5 Kanner op d'Welt bruecht vun deenen der 3 a nidderegem Alter gestuerwe sinn. Dozou ass nach komm datt hir Schwéiermamm, mat däer si kee gutt Verhältnis hat, och an hirem Haushalt gelieft huet. Wéi hire Mann eng schwéier an déidlech Krankheet kritt huet, huet si hee versuergt bis e 1730 am Alter vun 30 Joer gestuerwen ass an si schwanger mam 6. Kand, dat och net sollt iwwerliewen, zeréckgelooss huet.
[Änneren] Karitativt Wierken
Nom Doud vun hierem Mann huet si hier 2 Jonge François a Charles ouni gréisser finanziell Mëttelen missten opzéien. Hire Mann hat hir enorm Scholden hannerlooss an hire Ruff hat och gelidden. Fir d'Scholde kënnen ofzebezuelen, d'Ausbildung vun hire Jongen ze finanzéieren an deenen Aarmen deenen si begéint ass ze hëllefen huet si e klenge Commerce opgemaach.
No der Priesterwei vun hiere Jongen huet si an hirem Haus zu Montréal en Hospice gegrënnt aus deem spéider den Uerde vun de "Groe Schwëstere vun der Baarmhäerzegkeet" entstan ass. Weider Heiser sinn a ganz Kanada an an den USA nokomm. Si hu Kranker, Weesen, Gefaangenen, Flüchtlingen a Krichsaffer betreit.
Andeems se sech op d'Säit vun den Aarme gestallt huet, huet d'Marguerite sech géint déi sozial Strukture gestallt an as Affer gi vu Spott a Verleumndungen.
E Brand deen hiert Haus zerstéiert huet si dozou bruecht fir sech nach méi fir déi Aarm ze engagéieren. Mat zwou Kolleginnen huet si sech den 2. Februar 1745 engagéiert fir alles drun ze setzen fir sou vill wéi méiglech Leit a Nout ze hëllefen. Zwee Joer méi spéit huet d'"Mamm vun den Aarmen" (Mère des Pauvres), wéi se mëttlerweil genannt gouf, d'Directioun vum "Hôpital des Frères Charon", dat 1692 Gegrënnt gouf an um verfale war, iwwerholl. Si huet dunn e Refuge fir all déi Benodeelegt draus gemaach. Mat hiere Schwësteren a Mataarbechter setzt si verschidden Servicer fir déi Aarm op d'Been.
Du geschitt eng weider Katastroph: de Brand vom 18. Mee 1765, deen iwwer honnert Häiser an der Stad zerstéiert, huet och virum Spidol net halt gemaach an 118 Persounen ouni Daach zréckgelooss. D'Marguerite huet awer hire Glawen an hire Mutt net verluer an sech mat hire 64 Joer drugemaach d'Spidol nei opzebauen. Schonn ee Mount nom Brand hunn d'Opbauaarbechten ugefaang an 1769 stoung d'Spidol erëm.
Den 9. Dezember 1771 krut d'Marguerite d'Youville am Alter vu 70 Joer e Schlag an ass den 23. Dezember gestuerwen.
[Änneren] Weider Uerden
D'Kongregation vun de Groe Schwësteren ass den 30. Juli 1880 vum Poopst Leo XIII. feierlech unerkannt ginn. Nom Beispill vum Maguerite d'Youville an hieren "Soeurs de la Charité de Montréal" (Soeurs Grises) sinn och nach aner Uerden entstan: d'"Soeurs de la Charité de Saint Hyacinthe", d'Soeurs de la Charité d'Ottawa", d'"Soeurs de la Charité de Québec", d'"Grey Nuns of the Sacred Heart" (Philadelphia) an d'"Grey Sisters of the Immaculate Conception" (Pembroke).
[Änneren] Kanonisatioun
Den 3. Mee 1959 huet de Poopst Jean XXIII. si séileg gesprach. Vun do unns huet hir Veréierung duerch d'Vollek ëmmer méi zougeholl a vill Leit sollen duerch hir Firsprooch Begënschtegunge kritt hunn. Sou soll z.B. eng jonk Fra déi u myeloescher Leukämie erkrankt war 1978 geheelt gi sinn. Dëst ass als d'Wonner, dat fir d'Kanonisatioun néideg war, ugeholl ginn.