Marcel Fischbach
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Marcel Fischbach, * 22. August 1914 zu Hollerech, gestuerwen de 27. Juni 1980, war e lëtzebuergesche Politiker (CSV), Journalist an Diplomat. Hien war de Papp vum Marc Fischbach.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Seng Carrière
- Vun 1939 un: Wirtschaftsredakter am Luxemburger Wort
- 1945-1964: Member vum Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg
- 1945-1958 an 1959-1964: Deputéierten an der Chamber
- 1959-1964: Member vun der Europäescher berodender Versammlung vun der (CECA)
- 1964-1967: Arméi- an Mëttelstandsminister, bäigeuerdneten Ausseminister an der Regierung Werner-Cravatte; Récktrëtt wéinst der Arméireform
- 1967-1973: Ambassadeur zu Bern a Wien
- 1973-1977: Ambassadeur zu Bréissel
- 1977-1979: Ambassadeur zu Bonn
[Änneren] Seng Publikatiounen
- Fischbach Marcel: Reformnotwendigkeiten des Bauernerbrechts in Luxemburg, (1941)
- Fischbach Marcel: Ons Grande-Duchesse an der Friemt, (1945)
- Fischbach Marcel: 125 Jahre "Luxemburger Wort", Verjüngung und Strahlung, Vom Wirken und Wachsen der Zeitung in den verflossenen 25 Jahren, (1973)