Mando Diao
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Mando Diao ass eng schwedesch Rock-Band, déi 1999 gegrënnt gouf. Si besteet aus dem Björn Dixgårt (Gittar, Sänger), dem Gustaf Norén (Gittar, Sänger), dem Carl-Johan Fogelklou (E-Bass), dem Samuel Giers (Batterie) an dem Mats Bjöke (Keyboard).
2002 ass den éischten Album "Bring ‘Em In" vu Mando Diao erauskomm. Hir Plakkefirma huet dëse just a Schweden erausbruecht. Hiren Duerchbroch koum, wéi en Handydistributeur eent vun hire Lidder fir eng Reklamm benotzt huet. Esou koum et, datt se och international bekannt goufen, an eng zweet CD, "Hurricane Bar", erausginn hunn.
Am Kader vun hirer Tournée ware s'am Oktober 2005 fir e Concert op Lëtzebuerg komm.