M 26 Pershing-Tanks
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den M 26 Pershing-Tanks war e schwéiere Kampf-Tanks, dee vun der US-Army fir d'éischt am Februar 1945 an Europa agesat gouf.
[Änneren] Den Numm
Den M-26 ass nom John Joseph Pershing genannt ginn, deen am Oktober 1917 Generol vun der US-Army gouf an am September 1919 General of the Armies.
[Änneren] Entwécklung vum M-26
Nodeems den däitsche schwéiere Panzerkampfwagen VI "Tiger", als Tiger I bekannt, schonns am August 1942 a Serie gebaut gouf, hat déi amerikanesch Arméi mat hirem mëttelschwéiere M 4 Sherman-Tanks Problemer, sech mat den däitsche Tanksen unzeleeën.
Am Laf vun de Joren 1942 bis 1944 huet den Ordnance Corps un eng Serie vu Prototype geschafft, dem T20, T22, T23, T25, an T26, déi sech ënnerscheet hunn duerch hir Kanoun, hir Boîte an hir Suspensioun.