Lupowitz
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Informatiounen zum Film
Filmdaten | |
---|---|
Originaltitel: | Lupowitz |
Produktiounsland: | Lëtzebuerg |
Produktiounsjoer: | 1982 |
Dauer: | 30 Minutten |
Originalsprooch: | Däitsch |
Equipe | |
Regie: | Andy Bausch |
Dréibuch: | Andy Bausch fräi nom Woody Allen sengem Mr. Big |
Kamera: | Andy Bausch |
Musek: | |
Produzent: | Andy Bausch Produktion |
Haaptacteuren | |
Thierry van Werveke Claudine Bimmermann Paul Hoffmann Josy Braun Philippe Eschenauer Michel Clees Diane Schwartz |
[Änneren] Ëm wat geet et am Film ?
E Privatdetektiv kritt den Opdrag, nom "Big enchilada", dem Boss vun de Bossen, dem Big Boss par excellence: Gott himself ze sichen...
[Änneren] Triviales
De Film ass eng Adaptatioun vum Woody Allen senger Kuerzgeschicht Mr Big. Sou wéi den Allen de Stil vun de Kriminalromaner aus den 1930er-1940er Jore parodéiert, parodéiert de Bausch stilistesch d'Film Noirën aus deer Zäit.
De Film ass zesumme mat Stefan, engem anere Kuerzfilm vum Andy Bausch, doruechter gewise ginn.