Louison Bobet
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Louison Bobet gebuer den 12. Mäerz 1925 zu Saint-Méen-le-Grand a gestuerwen den 13. Mäerz 1983 zu Biarritz war e franséische Vëlosprofi an Tour de France Gewënner.
De Bobet war Profi vun 1947 bis 1961, an huet an deeër Zäit 122 Victoiren eragefuer.
Hien ass fir d’Equipe de France gefuer a fir e puer aner Equippen : « Stella » vun 1948 bis 1955, « Mercier » vun 1955 bis 1960 an « Ignis » 1961.
Nodeems hien de Vëlo den 10. August 1962 un de Nol gehangen hat, huet hien een Thalassotherapie-Zentrum zu Quiberon opgemaach an e puer Joer méi spéit en aneren zu Biarritz
Säi Brudder de Jean Bobet, dee fënnef Joer méi jonk war, huet 1955 Paris - Nice an 1956 Genua - Nice gewonnen. Hie war Drëtten 1953 am Circuit du Morbihan an dat selwecht Joer och Drëtte beim Milano - Sanremo