Lëtzebuergesch Wirtschaftsstruktur
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Economisten ënnerscheeden am allgemengen am Zesummenhang mat der Wirtschaftsstruktur vun engem Land dräi grouss Sectoren:
- den Akerbau, de Wäibau an de Biergbau: Primäre Wirtschaftssektor,
- d'Industrie: Sekundäre Wirtschaftssektor,
- den Handel an déi aner Servicer, Tertiäre Wirtschaftssektor.
Dat gëllt natierlech och fir Lëtzebuerg.
De STATEC huet eng Grafik publizéiert, aus deeër däitlech, am Laf vun der Zäit, d' radikal Ëmschichtung vun der Lëtzebuerger aktiver Bevëlkerung vum Primären an de Sekondären an duerno an den Tertiäre Wirtschaftssektor ervirgeet:
Während 1870 nach nëmme knapp 20% vun de Lëtzebuerger Aktiven an de Servicer beschäftegt waren, ass hire Prozentsaz op bal 80% am Joer 2001 geklommen. D'Entwécklung vu Lëtzebuerg als international Finanzplaz huet vill zu dëser Evolutioun bäigedroen. Laut STATEC, hun déi eenzel Branchen 2001 zur nationaler Wäertschafung am folgende Moss beigedroen (an Prozenter):
Agrarwirtschaft: 0,6% Industrie a Constructioun: 17,9% Commerce: 22,4% Finanzsektor: 43,1% Aner Dengschtleeschtungen; 16,0% Total: 100,0%
Aus all den Zuelen gët geschloss, datt d'Industriestruktur zwar diverzifizéiert ginn ass. Et huet awer net verhënnert, datt d'Siderurgie am Kader vun der Reconversioun zwar hiert Iwwergewiicht verluer huet, d'Lëtzebuerger Wirtschaft haut awer mat engem aneren Monolithismus neier Aart konfrontéiert ass, deem vun dem Finanzsektor. Dëst ass eben eng Charakteristik, mat däer Wirschaften an engem klenge Raum liewe mussen.
[Änneren] Kuckt och
- Artikel iwwert d'Servicer zu Lëtzebuerg
- Artikel iwwert d'Lëtzebuergesch Industrie
- Artikel iwwert d'Lëtzebuergesch Energiewirtschaft
- Artikel iwwert d'Lëtzebuergesch Waasserwirtschaft
[Änneren] Um Spaweck
Kuckt de Portrait, deen de STATEC vun der Lëtzebuerger Economie zeechent